arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trump-Interventioun: US-Goalgetter Balogun däerf trotz Rouder Kaart spillen

Fussball-WM 2026

|
reading time

2 min

Trump-Interventioun: US-Goalgetter Balogun däerf trotz Rouder Kaart spillen

Donald Trump huet confirméiert, datt hien sech am Fall Folarin Balogun agemëscht huet. Hien hätt d‘FIFA gefrot fir d‘rout Kaart an d‘Spär fir ee Spill op der Futtballweltmeeschterschaft géint den amerikanesche Spiller erëm op de Leescht ze huelen. Dat sot hien am Oval Office virun der Press.

reading time

2 min

Den US-Stiermer Folarin Balogun | © EPA/BENJAMIN FANJOY
Den US-Stiermer Folarin Balogun (Foto: EPA/BENJAMIN FANJOY)

Hie wier net der Meenung, datt de Baolgun een anere gefoult hätt. US-Medien haten am Virfeld gemellt, datt den Trump dem FIFA-Chef Gianni Infantino ugeruff hätt, fir d‘Spär géint de Balogun opzehiewen. D‘FIFA huet dem Spiller jo erlaabt fir den Owend awer an der Partie géint d‘Belsch unzetrieden. Dat huet vill Kritik ausgeléist, déi europäesch Fussballfederatioun UEFA seet d‘FIFA hätt kloer eng rout Linn iwwerschratt, de belsche Fussballverband hätt gären Explikatiounen. 

FIFA méch vun Artikel 27 gebrauch

No senger Rouder Kaart an der Siechzéngtelsfinall géint Bosnie wier den amerikanesche Stiermer Folarin Balogun an der Aachtelsfinall géint d'Belsch eigentlech gespaart. Déi Spär huet d'FIFA awer revidéiert a se op "ee Joer Bewärung" ausgesat. Dat och nodeems sech d'Wäisst Haus ageschalt huet?

De FIFA-Reegelen no hätt de Stiermer vun der AS Monaco misse fir ee Match gespaart ginn, nodeems hie géint Bosnien, no engem Trëtt géint e Géigespiller, vum Terrain geflu war.

D'FIFA mécht elo allerdéngs vun hirem Artikel 27 gebrauch. Deen erlaabt et eng Spär op Bewärung auszesetzen. Firwat d'Weltfussballassociatioun am Fall Balogun vun deem Artikel Gebrauch gemaach huet, huet se net begrënnt.

D'Iddi dierft wuel aus dem Wäissen Haus kommen. 

Donald Trump begréisst Decisioun - Well hien dohanner stécht?

Nodeems d'Decisioun bekannt gouf, datt de beschten amerikanesche Stiermer bei der WM (3 Goler) net fir d'Aachtelsfinall gespaart wier, huet den US-President Donald Trump esou op de Soziale Medie reagéiert.

"Merci un d'FIFA, datt se mécht wat richteg ass an eng grouss Ongerechtegkeet besäitegt huet!"

Verschidden amerikanesch Medie berichte souguer dovun, datt d'Wäisst Haus Drock op de FIFA-President Gianni Infantino gemaach hätt, fir datt de Folarin Balogun d'Aachtelsfinall géint d'Belsch kéint spillen. 

De FIFA-President Gianni Infantino op Besuch beim Donald Trump am August 2025 | © EPA/ANNABELLE GORDON
De FIFA-President Gianni Infantino op Besuch beim Donald Trump am August 2025 (Foto: EPA/ANNABELLE GORDON )

Déi belsch Federatioun huet iwwerdeems matgedeelt, datt ee géint d'Ophiewe vun der Spär géif virgoen. Den Ament géing een all d'Optioune préiwen, wéi een dat maache kéint.

UEFA üübt Kritik

Och den europäesche Fussballdaachverband UEFA huet op d'Decisioun reagéiert. An engem Communiqué deelt d'UEFA mat, datt hei rout Linnen iwwerschratt gi wieren. Wa gewësse Reegelen net méi géife befollegt ginn, stéing d'Integritéit vum Fussball um Spill, esou nach d'UEFA an hirem Communiqué.