arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz internationale Krisen: Donald Trump feiert seng 80 mat risegen Evenementer

USA

|
reading time

1 min

Trotz internationale Krisen: Donald Trump feiert seng 80 mat risegen Evenementer

Kuerz virum G7-Sommet, a matten an den Diskussioune ronderëm de Friddensaccord am Noen Oste feiert den US-President Donald Trump haut säin 80. Gebuertsdag. Dat mam Potential fir fir genuch Opmierksamkeet ze suergen.

reading time

1 min

D'Bün fir den MMA-Kampf am Wäissen Haus fir dem Donald Trump seng 80 | © EPA/WILL OLIVER
D'Bün fir den MMA-Kampf am Wäissen Haus fir dem Donald Trump seng 80 (Foto: EPA/WILL OLIVER)

Dat mécht den US-President ënner anerem mat engem grousse Kampfsport-Event direkt um Terrain vum Wäissen Haus zu Washington. Dofir gouf eng grouss Arena opgeriicht, ëmgi vun Tribüne fir méi wéi 4.000 Gäscht. Nieft dem wäissen Haus ginn am Ellipse-Park och iwwer 100.000 Visiteure fir eng Live-Iwwerdroung vum MMA(Mixed Martial Arts)-Event erwaart.

Spektakel bleift net ouni Kritik

Dëse Spektakel suergt och fir Kontroversen. Kritiker gesinn doran eng Inzenéierung ronderëm de President, änlech wéi d‘Militärparad déi d‘lescht Joer um Donald Trump sengem Gebuertsdag organiséiert gouf.

D'Beweegung "No Kings", déi sech géint d'Politik vum Donald Trump asetzt, rifft parallel zu alternativen Evenementer am ganze Land op. Dobäi soll ënner anerem mat Concerten op d'Meenungs- a Pressefräiheet opmierksam gemaach ginn.