No kuerzer Wafferou ginn d'Attacken tëschent der Ukrain a Russland virun
Nodeems d'Wafferou tëschent der Ukrain a Russland am Kader vum orthodoxen Ouschterfest ofgelaf ass, hu béid Säiten d'Attacken nees opgeholl. Eleng Russland huet haut eng 98 Dronen a Richtung Ukrain geschoss.
(Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)
87 vun deene wieren awer ofgefaange ginn heescht et aus der Ukrain. De russeschen Defenseministère mellt sengersäits, datt een hënt 33 ukrainesch Dronen ofgefaangen hätt.
Wärend der 32-Stonne laanger Wafferou, déi iwwer den orthodoxen Ouschterweekend gegollt huet, hu Russland, wéi och d'Ukrain där anerer Partei virgeworf an Honnerte Fäll géint d'Wafferou verstouss ze hunn.