Radioen

On air

Tockcity  |  Sam Fender - Arm's Length

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No verbalen Trump-Attacken: Selenskyj ëm Deseskalatioun beméit

"Selenskyj ass een Diktator"

No verbalen Trump-Attacken: Selenskyj ëm Deseskalatioun beméit

Den US-President Donald Trump hat den Toun vis-à-vis vum ukrainesche President gëschter um Mëttwoch nach emol däitlech verschäerft. Hien huet de Wolodymyr Selenskyj een Diktator genannt, deen net gewielt wier. An der Ukrain si Wale wéinst dem Krichsrecht ausgesat. Dat awer am politesche Konsens.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Christoph Soeder
(Foto: picture alliance/dpa | Christoph Soeder)

No dëse verbalen Attacke beméit de Wolodymyr Selenskyj sech, d'Relatioune mat den USA ze erhalen. Hien huet haut um Donneschdeg zu Kiew een Treffe mam US-Spezial-Emissär Keith Kellogg. Et wier ganz wichteg fir d'Ukrain, datt dat Treffen an d'Zesummenaarbecht mat den USA weider konstruktiv ass, esou den ukrainesche President a sengem Videomessage gëschter Owend.