arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nohaltegkeetszil Nr. 18: E weltwäite Plädoyer fir d‘Kultur

Fräie Mikro

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Nohaltegkeetszil Nr. 18: E weltwäite Plädoyer fir d‘Kultur

Viru 14 Deeg ass zu Barcelona "Mondiacult" op en Enn gaang, ee vun der UNESCO organiséierte Weltsommet iwwer d’Erausfuerderungen, déi sech an der haiteger Welt dem Kultursecteur stellen. D’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, erkläert d'Wichtegkeet vun där Konferenz.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Simone Beck | © Chris Zeien
Simone Beck (Foto: Chris Zeien)

2015 hunn d’UNO-Memberstaaten eestëmmeg d’Agenda 2030 beschloss: E grousse weltwäiten Aktiounsplang fir nohalteg Entwécklung. Seng Objektiver si formuléiert a 17 Entwécklungsziler, wéi zum Beispill d’Eliminatioun vun Aarmut an Honger, Klima- an Ëmweltschutz, Bildung, Gläichberechtegung, Aarbecht a Fridden.

Och wann d’Agenda 2030 juristesch net bindend ass, sollten d’Länner dës Ziler an hirer nationaler Politik ëmsetzen.

D’Realitéit weist awer eppes Aneschtes: Kricher, Klimakrisen, Attacke géint d'Wëssenschaft, autoritär Regimmer a falsch Prioritéite maachen et onméiglech, déi eestëmmeg approuvéiert Ziler bis 2030 ze erreechen. Dofir ginn an den UNO-Agencë schonn elo Verhandlungen iwwer eng Nohaltegkeetsagenda fir duerno gefouert.

Firwat keen eegestännegt Zil fir d’Kultur?

Wat awer schonn 2015 kritiséiert gouf: D’Kultur hat an der Agenda 2030 keen eegestännegt nohaltegt Entwécklungszil kritt. Argumentéiert gouf, si wier an anere Beräicher integréiert, wéi zum Beispill an der Bildung, an der Stadentwécklung oder um Aarbechtsmaart.

A Wierklechkeet krut se kee Sonderzil, well se als ze divers a kontextspezifesch ugesi gouf. Ausserdeem géife konkret Zuelen a Statistike feelen. Allerdéngs ass et net einfach, kulturellt Ierwen oder artistesch Kreativitéit ze quantifizéieren.

Den Zougang zur Kultur: e Mënscherecht …

Op der Mondiacult-Konferenz zu Barcelona virun zwou Wochen, un där och Lëtzebuerg deelgeholl huet, hunn d’Kulturministeren den Zougang zur Kultur als e Mënscherecht ënnerstrach. Si hu gefuerdert, der Kultur en eegestännegen Objectif de développement durable ze ginn.

Kultur a Kreativitéit droen zu enger nohalteger Entwécklung bäi, stäerken Austausch a Dialog, schafen Aarbechtsplazen a féieren zu wirtschaftlechem a touristeschem Wuesstem. Doriwwer eraus ass en inklusiven Zougang zum kulturelle Liewe fir all Gesellschaft beräicherend.

… awer net iwwerall

Dat gesi munch Regimmer awer net esou: Kultur gëtt zenséiert, Bicher a Mënsche kommen op schwaarz Lëschten, Kënschtler:inne sinn a Gefor, wa si net an d’politesch Linn passen. Fraen a Meedercher gi vu Bildung a Kultur ausgeschloss a Sänger a Rapper kommen an de Prisong wéint engem Lidd.

Den däitsche Schrëftsteller Thomas Brasch huet eng Kéier gesot: “Konscht war ni e Mëttel fir d’Welt ze veränneren, mee ëmmer e Versuch, se ze iwwerliewen”.

Haut schéngt esouguer dat schwéier. Awer ouni Kultur ass eng oppen a solidaresch Gesellschaft, déi mir esou dréngend brauchen a vun där mir all profitéieren, net méiglech. 

play_arrow Lauschteren