Radioen

On air

Concert  |  Galaconcert SOS Weltkannerdierfer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nom Äerdbiewen a Myanmar: Eng Fra gëtt no 91 Stonne lieweg ënner Ruine fonnt

Bilan klëmmt op iwwer 2.000 Doudeger

Nom Äerdbiewen a Myanmar: Eng Fra gëtt no 91 Stonne lieweg ënner Ruine fonnt

91 Stonnen nom schroen Äerdbiewen a Myanmar ass eng Fra lieweg ënner de Steng vun Haiserruinen erausgeholl ginn. D‘Situatioun am bleift awer katastrophal. Op ville Plaze sichen d‘Leit mat bloussen Hänn no Iwwerliewenden.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Anusak Laowilas
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Anusak Laowilas)

Den offizielle Bilan ass an Tëschenzäit op iwwer 2.000 Doudeger geklommen. Bei Temperature vun iwwer 40 Grad besteet de Risiko vun Epidemien. Der Weltgesondheetsorganisatioun no wieren 9 Millioune Mënschen direkt oder indirekt vun de Konsequenze vum Biewe betraff.