arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nom extreeme Summer: "Ech ginn dovun aus, datt d'Bauere sech an Zukunft upassen"

Martine Hansen am Interview

|
reading time

5 min

headphones

13 min

play_arrow

Nom extreeme Summer: "Ech ginn dovun aus, datt d'Bauere sech an Zukunft upassen"

Hanner der Landwirtschaft leie keng einfach Méint. Dat gëtt bei der Recolte elo däitlech, déi duerch den extreeme Summer ëm bis zu 15 Prozent gefall ass. D'Landwirtschaftsministesch verweist op d'Assurance, déi an deem Fall spillt. Mee si weess och, datt d'Bauere sech an Zukunft upasse mussen.

reading time

5 min

headphones

13 min

play_arrow
Archivfoto | © Radio 100,7
Archivfoto (Foto: Radio 100,7)

D’Qualitéit vum Karschnatz ass gutt, mee et feelt u Quantitéit. Tëschent 10 a 15 Prozent hunn d’Bauere manner rageholl par rapport zu de leschte Joren. Eng direkt Konsequenz vun der Dréchent an der Hëtzt vun dësem Wanter.

Assurance fir d'Baueren: "Mir si frou, datt mir déi hunn"

Fir genee esou Situatioune kënne Bauere sech versécheren. Déi Assurance gëtt zu 65 Prozent vum Staat subventionéiert.

Am 100,7-Interview erkläert d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen, datt déi Assurance wuel just bei de Summerkäre spille wäert. D’Wanterkären, déi am Hierscht geséint gi sinn, hunn en duerchschnëttlechen Ertrag bruecht vu gudder Qualitéit.

Anescht ass dat eebe bei de Summerkären. Do kuckt d’Assurance elo, wéi vill manner Ertrag do ass.

“Mir si frou, datt mir dës Assurance hunn.”

D’Martine Hansen preziséiert, datt Kären a Mais verséchert kënne ginn, mee net all Kulturen.

Virbildlech op europäeschem Niveau

Zu Lëtzebuerg sinn insgesamt 54.000 Hektar verséchert. Dat ass mol net d’Hallschent vun der gesamter landwirtschaftlecher Surface. Et wier nach Sputt no uewen, mengt d’CSV-Ministesch.

“Mee et ass och fräiwëlleg. Mir kënne keen zwéngen, et ze maachen. Mir bidden eis Hëllef un. Et ass awer d’Hallschent vun der Fläch. Dat ass guer net esou schlecht.”

De Grand-Duché géing op europäeschem Niveau ëmmer als e gutt Beispill a Saachen Assurance genannt ginn, seet d’Martine Hansen.

Aktuell just eng Gesellschaft, déi d'Assurance ubitt

Den Direkter vum Verband huet allerdéngs kritiséiert, datt d’Krittären, fir datt déi Assurance gräift, net mat de Realitéiten um Terrain iwwerenee stëmmen.

D’Ministesch verséchert, datt ee sech mat der Assurancegesellschaft zesummesetze wäert, well och déi iwwer de groussen administrativen Opwand onglécklech sinn. Si betount och, datt d’Assurance ëmmer tëschent dem Bauer an der Assurancegesellschaft gemaach gëtt. De Staat spillt do keng Roll.

Wichteg ze wëssen ass och, datt aktuell just eng Gesellschaft esou eng Assurance ubitt. Dat wier schued, mengt d’Ministesch, schliisslech géing d’Konkurrenz jo d’Geschäft beliewen.

Diskussiounen op EU-Niveau: Martine Hansen hofft op de gesonde Mënscheverstand

Europawäit gëtt mat engem Verloscht vu ronn 14 Prozent bei de Recoltë gerechent. Den EU-Agrarkommissär Christophe Hansen wëllt dofir den 1. September mam Secteur iwwer d’Auswierkunge vum Summer schwätzen. Op nationalem Niveau gesäit d’Ministesch sech deemnächst mat der Landwirtschaftskammer.

Si hofft, datt een op EU-Niveau “de gesonde Mënscheverstand” asetzt. Konkreet heescht dat: Wa Bauere sech wéint dem Wieder net u verschidde Konditiounen hale konnten, fir eppes ausbezuelt ze kréien, sollt ee se net zousätzlech bestrofen.

“Mir sollen d’Baueren net zousätzlech bestrofe wa si sech net un eppes hale kënnen op Grond vum Wieder.”

Dobäi kéim, datt net just den Ertrag erofgaang ass, mee gläichzäiteg sinn och d’Produktiounskäschten an d’Luucht gaang. Dat wéinst Präishaussë beim Dünger an Diesel.

De 7. an 8. September ass en informelle Conceil zu Dublin. Do erhofft sech d’Martine Hansen, zousätzlech eppes gewuer ze ginn, an op Pragmatismus vu Säite vun der EU ze stoussen.

Penurie beim Fudder féiert zu engem Däiwelskrees

D’Memberstaate kënnen och e Cas de force majeur deklaréieren, fir gehollef ze kréien.

“Déi Hëllefe kënnen da bei Cas de force majeur méi large interpretéiert ginn. (...) Mir mussen dat och fir d’Biolandwirtschaft festhalen, fir datt déi kënnen op konventionellt Fudder zeréckgräifen wa si net genuch biologescht Fudder hunn.”

Vill Betriber si lo scho knapp wat hir Fudderreserven ugeet. Lénks a riets héiert ee vu Betriber, an deenen d’Béischte scho méi fréi hu misse geschluecht ginn, well eebe kee Fudder méi do war.

Well och wann d’Bauere vun der Assurance Sue kréien, EU-wäit ass d’Fudder knapp. Es einfach iergendswou kafen ass also méi einfach gesot wéi gemaach.

Wéi vill Betriber sech an esou enger Situatioun befanne wéisst si net, seet d’Martine Hansen. Si schwätzt awer vun engem Däiwelskrees, well doduerch och méi Fleesch op de Marché kënnt, an esou d’Präisser fir d’Baueren nees erofginn.

Uplanzung vun neie Kulturen: Regierung oppe fir wieder Fuerschungsprojeten

Dëst Joer ass de Secteur nach mat engem bloen A dovu komm. Mee wéi gesäit et aus, wann déi nächst Summeren och esou extreem ginn? Kloer ass, datt d’Landwirtschaft sech upasse muss

“Eis Baueren denken alleguer wirtschaftlech, an déi gesinn och alleguer, wann esou Summere si wéi deen, dee mir elo haten, datt ee mat de Summerkulture Problemer huet, mee aner Kulture gutt duerchkomm sinn. Ech ginn dovun aus, datt si sech upassen.”

Ee Beispill vun enger Kultur, déi gutt duerchkomm ass, wier de Raps, erkläert d’Landwirtschaftsministesch. Si geet dovun aus, datt d’Baueren dees d’nächst Joer méi uplanzen.

D’Regierung wier och oppe vis à vis vu Fuerschungsprojete fir nei Kulturen ze testen. Et wier besser si géingen dat maachen, wéi d’Baueren, seet d’Martine Hansen. Si schwätzt och vu méi Fudderplanzen am Eewäiss, déi awer aktuell nach net rentabel sinn.

“Déi Diskussioune kënne mir am Kader vum Agrargesetz féieren.”

Alternativ Bewässerung: Ministesch verweist op den Ëmweltministère

Eng grouss Roll spillt och d’Bewässerung. Aktuell lafe Pilotprojete fir alternativ Bewässerungsméiglechkeeten ze fannen, an net mussen op Drénkwaasser ugewisen ze sinn.

De President vum Landesuebstbauveräin, de Jean-Claude Muller, huet awer rezent kritiséiert, datt een do net séier genuch viru kéim.

D’Martine Hansen deelt déi Kritik, mécht awer och drop opmierksam, datt net si, mee den Ëmweltministère dofir zoustänneg ass. Aktuell géingen nach Etüden duerchgefouert ginn.

play_arrow Lauschteren