arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Me François Prum gesäit nei Dokteschconsultatioun "de fin de vie" positiv

Santé

|
reading time

4 min

De Me François Prum gesäit nei Dokteschconsultatioun "de fin de vie" positiv

D'Consultatioun wier geduecht de Patienten d'Méiglechkeet ze ginn, mam Dokter iwwer verschidden Optiounen, wat d'Euthanasie oder d'palliativer Fleeg ugeet, ze diskutéieren. De Me Prum, President vun der nationaler Euthanasie-Kommissioun, gesäit dat duerchaus positiv.

reading time

4 min

Den Affekot François Prum. | © Jo Diseviscourt
Den Affekot François Prum. (Foto: Jo Diseviscourt)

Lëtzebuerg gehéiert schonn zënter 2009 zu deene Länner, an deene Stierfhëllef erlaabt ass. Wien esou schwéier krank ass, datt en net méi wëllt weiderliewen, deen och keng Chance drop huet, datt säi gesondheetlechen Zoustand sech verbessert, deen huet also d'Méiglechkeet säin Dokter ze froen, fir euthanaséiert ze ginn, fir also sengem Liewen en Enn gesat ze kréien. 

Net all Dokter bitt Euthanasie un

Mee net all Dokter ass bereet, dat ze maachen. Wéi kann den Accès zur Euthanasie fir déi betraffe Patienten trotzdeem garantéiert ginn? Iwwer déi Fro gouf an de leschte Joren ëmmer nees diskutéiert, et gouf och gëschter nees an der Santéskommissioun vun der Chamber doriwwer geschwat. 

D'Gesondheetsministesch Martine Deprez wëllt an der Nomenclature vun der CNS eng nei Dokteschconsultatioun "de fin de vie“ schafen. Dat sot si gëschter an der Chamberkommissioun. 

De President vun der Euthanasie-Kommissioun, de Me François Prum, sot am 100,7-Interview dat wier schonn e Fortschrëtt. Et dierf een Dokteren awer net drop reduzéieren, datt si just Consultatiounen ubidden, wann dës remuneréiert sinn. 

Nei Dokteschconsultatioun "de fin de vie"

Nieft der Nomenclature vun der CNS fir eng nei Dokteschconsultatioun "de fin de vie“ ze schafen, huet d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez gëschter an der Chamber Gesondheetskommissioun weider gemengt, datt d‘Regierung net prinzipiell dogéint wier fir d'Euthanasie-Gesetz ze änneren. Den Ament gesäit si awer kee Besoin dofir. 

Déi national Euthanasie-Kommissioun hat dat recommandéiert, well et grouss Ënnerscheeder tëschent de Gesetzer fir d‘palliativ Fleeg an d‘Euthanasie gëtt. 

D’Roll vun der Euthanasie-Kommissioun wier de Contrôle a posteriori, wéi de Maitre Prum erkläert. Dat heescht d’Kommissioun géif iwwerpréiften, ob d‘Patienten och e Recht op Euthanasie hunn, an och ob déi Dokteren, déi si praktizéiere sech un d'Reegel halen.

“Si hunn e Contrôle posterior fir ze kucken, ob déi Dossieren, wéi se traitéiert gi sinn, ob déi richteg gelaf sinn” 

Euthanasie-Kommissioun gouf mam Gesetz an d'Liewe geruff 

D’Euthanasie-Kommissioun géif och all zwee Joer ee Rapport un d'Chamber maachen, wou notamment iwwer d'Statistike gekuckt géif an och gepréift géif, ob d’Gesetz nach adaptéiert ass oder ob et sollt evoluéieren, mengt de Me Prum.

Am leschte Rapport heescht et, datt et am Joer 2024 34 Fäll vun Euthanasie hei am Land gouf. Zuel hätt iwwer d’Joer net terribel variéiert, esou de François Prum. Dës Zuele wieren däitlech méi déif wéi am noen Ausland, beispillsweis an der Belsch oder an Holland. Firwat dat esou ass, wier schwéier ze soen, mengt de President vun der Kommissioun. 

“Mee, wéi gesot, d'Iddi ass och net d'Leit natierlech zu eppes ze pousséieren, wat si, wou si net drun denken, mee et ass vläicht awer nach net grad esou an de Mentalitéite vun de Leit, wat dat hei klappt.”

"Et kann ee keen dozou pousséieren"

De Me Prum mengt net, datt et kéint dorunner leien, datt net esou vill Dokteren hei am Land Euthanasie praktikéieren. En Dokter kéint net dozou gezwonge ginn, géint seng Wäerter ze verstoussen an engem Patient Stierfhëllef unzebidden, wann dat géint dem Dokter seng Ethik verstéisst. 

“Et kann ni an et wäert och ni en Dokter iergendwéi pousséiert gi fir esou en Akt ze maachen, wann dat net vereenbar ass mat sengem Gewëssen.”

Et kéint ee just eebe méi sensibiliséieren, wa Leit d’Konditioune fir eng Euthanasie erfëllen. Et misst een Dokteren, déi dës Patienten net an den Doud begleede wëllen, dann dozou incitéieren esou e Patient un aner Doktere weiderzeginn. 

“Dat ass vläicht op deem Niveau, wou et nach net grad esou leeft, wéi ee sech kéint virstellen.”

Zuelen, wéi vill Refusen et ginn, ginn et keng 

Op d’Fro, ob Dokteren, déi esou Patienten dann unhuele soit-disant de Ruff vum Euthanasie-Dokter riskéieren, sot de François Prum, datt Dokteren natierlech net wëllen e Stempel kréien als “ deen, op deen all Mënsch kann zeréckgräifen, fir Euthanasie ze maachen”

“An dat ass och ganz verständlech, dat ass éischtens eng ganz komplizéiert Tâche a se ass am Fong zum gréissten Deel dorunner konditionéiert, datt deen Dokter wierklech déi Patienten och kennt. Den Idealfall, dat ass de Fall vun engem Generalist, dee seng Patienten iwwer Joren, iwwer Joerzéngte begleet”

Zuelen dozou, wéi vill Euthanasien hei am Land refuséiert ginn, ginn et net.