D’OGBL-Presidentin Nora Back huet um Kongress betount, datt den Zesummeschloss mam LCGB historesch wier. An hirer Grondsaz-Ried huet si ënner anerem betount, datt et eng direkt Korrelatioun géif ginn tëschent dem Ofbau vun ëffentlechen Déngschtleeschtungen an dem Opstig vu rietsextreme Stréimungen. Dëst hätten et a verschiddenen europäesche Länner schonn an d‘Regierung gepackt oder stéinge kuerz virdrun. Dowéinst wier grad an dësen Zäiten e staarke Gewerkschaftsbond ëm sou méi wichteg, esou d’Nora Back.
"A mir wieren eis an der Gewerkschaftsfront zesummen, gemeinsam als OGBL an als LCGB. Zesummen si mir esou staark, wéi nach ni. An den Här Frieden an den Här Mischo kënne sech waarm undoen, well si menge jo zu Lëtzebuerg hätten d'Leit dat net an hirer DNA, op d'Strooss ze goen. Mee wa si elo net direkt e Coursewiessel hei aschloen an awer wierklech net direkt op der ganzer Linn eng aner politesch Schinn fueren, mee da wäerte se geschwë gesinn, wéi d'Leit op d'Strooss ginn."
Géint d'Privatiséierung vum Pensiounssystem
An Punkto Sozialdialog huet d‘Presidentin vum OGBL der Regierung virgehäit, dësen einfach duerch d’Internet-Plattform “schwätz mat.lu”, dee ronderëm d’Pensiounsreform dréint, ersetzen ze wëllen-
"Hir Online-Aktioun schwätzmat.lu bezuelt mat 150.000 Euro oder méi vun eise Steiergelder, déi soll elo dee richtege Sozialdialog, eise Sozialdialog an den Eck drécken. An nodeems dee just no voll no hanne lassgaangen ass vum Schwätzmat, sollen elo einfach déi majoritär Äntwerten, déi hinnen net gefalen, déi der Regierung alles anescht wéi arrangéieren, déi ginn dann ignoréiert an da gëtt da gesot, déi soe jo all dat selwecht, déi gëllen dann als eent."
Um Kongress gouf och nach eemol widderholl, datt den OGBL sech kloer géint eng Privatiséierung vun dem Pensiounssystem ausschwätzt. An och wat Lounpolitik ugeet huet den OGBL kloer Fuerderungen nach eemol an de Vierdergrond gesat.
"Den OGBL fuerdert eng strukturell Erhéijung vun 10 Prozent vum Mindestloun. A mir brauche méi en héije Mindestloun. Souguer Europa seet eis dat haut."
Bal 15 Prozent vun de schaffende Leit zu Lëtzebuerg gëllen als “working-poor”. Si riskéieren also, trotz Aarbecht an d’Aarmut ze rutschen. Lëtzebuerg léich mat deem Taux op Plaz 1 an Europa, esou d’Nora Back.
Gesetz vun de Kollektivverträg muss ugepasst ginn
Den OGBL verweist dann och op eng europäesch Direktiv, déi virgesäit, datt 80 Prozent vun de schaffende Leit an engem Kollektivvertrag solle sinn. Fir dëst ëmzesetzen, misst d’Gesetz iwwer d’Kollektivverträg un déi néi wirtschaftlech Realitéit hei am Land ugepasst ginn, esou d’Presidentin vum OGBL.
Dat aktuellt d’Gesetz géif den Handlungsspillraum vun de Gewerkschaften aschränken. Den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz hat sech e Freideg um OGBL-Kongress och fir eng Reforme vum Kollektivvertragsgesetz ausgeschwat, déi d’Rechter vun de Gewerkschafte géif erhalen.