Radioen

On air

Notturno  |  Trappers - Rainbow Coloured Stone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL: Neie Moment am Dossier "Gemeng Conter" - Reaktioun kënnt kuerz drop

National

OGBL: Neie Moment am Dossier "Gemeng Conter" - Reaktioun kënnt kuerz drop

Am Feuilleton ëm d’Aarbechtskonditiounen an der Gemeng Conter gëtt et dem OGBL no en neie Moment: Um Dag virun Hellegowend wier nämlech engem Mataarbechter gekënnegt ginn. Donieft wier och eng OGBL-Delegéiert revoquéiert ginn, obwuel Delegéierter jo besonnesch géint eng Ofsetzung ofgeséchert sinn.

auto_stories

1 min

Elo missten d’Geriichter decidéieren, wéi et weidergeet, an déi zoustänneg Ministèren dierften d’Aen net virun deem Problem zoumaachen, sou den OGBL.

Op dee Communiqué huet d’Gemeng Conter mat engem eegene Schreiwes geäntwert: Dora steet ënnert anerem, datt d'Decisiounen iwwer Moossname wéi Kënnegungen eenzeg an eleng op Basis vu rechtlechen Exigenze geholl goufen. Doriwwer eraus géif d’Gemeng d’Zoustännegkeet vun de Geriichter respektéieren. Deenen hiren Entscheedunge géif d’Gemeng mat Zouversiicht entgéint kucken, sou d’Conter Gemeng.

D’CSV vu Conter deelt iwwerdeems mat, datt de Schäffen an Ex-Buergermeeschter Jim Schmitz säi Récktrëtt agereecht huet. Den Yves Loose, bis elo Gemengerotsmember, kënnt an d’Plaz vum Jim Schmitz. An den Noé Rodrigues réckelt fir den Yves Loose an de Gemengerot no.