Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Obligatoresche Militärdéngscht "keng Léisung fir Lëtzebuerg”

All Parteie si sech eens

Obligatoresche Militärdéngscht "keng Léisung fir Lëtzebuerg”

All Parteien an der Chamber hu sech um Mëttwochmoie géint eng Aféierung hei am Land vun engem obligatoresche Militärdéngscht ausgeschwat. Op Demande vun der LSAP-Fraktioun war um Krautmaart eng Aktualitéitsstonn iwwer esou eng Erëmaféierung.

auto_stories

1 min

Foto: Chambre des députés

D’Wehrflicht wier “keng Léisung fir Lëtzebuerg”, esou an dëser Debatt d’Verdeedegungsministerin Yuriko Backes. Déi Lëtzebuerger Arméi wier eng Arméi vu Fräiwëllegen an d’Wehrflicht gouf 1967 ofgeschaaft, huet d’DP-Politikerin an Erënnerung geruff.

D’Yuriko Backes huet an der Chamber widderholl, datt een obligatoresche Militärdéngscht net am CSV-DP-Regierungsprogramm virgesi wier, an net wäert agefouert ginn.

Et wier een “aktiv dobäi”, d’Aarbechtskonditioune bei der Arméi ze verbesseren, esou nach d’Ministerin.