arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Musek

|
headphones

2 min

Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Dir hutt Loscht op fuschnei Musek? D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 guidéiert iech duerch den Dschungel vun neien Tendenzen.

headphones

2 min

Sabrina Carpenter - Manchild | © Billboard
Sabrina Carpenter - Manchild (Foto: Billboard)

Et gëtt esouvill nei Musek ze entdecken. D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd, an dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Di hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag.

Virop grousse bonte Pop aus de States. „Manchild“ - en onheemlechen Ouerewuerm vun der Sabrina Carpenter dee Richtung Country Haaptstad Nashville zitt, mat euphoreschem Gittaregenuddels a Melodië fir esouguer dee géiste Bierg ze bewältegen.

D‘Addison Rae schafft grad esou gäre mat grousse Gefiller, an hir nei Plack „Addison“ liwwert onschëllege Pop Bombast fir sech am Club goen ze loossen.

Genee do passen dann och déi nei Nummere vun de Britte George Riley zesumme mam Mura Masa an dem Fransous Myd. Friddlech Hardcore Punk Vibes liwwert déi amerikanesch Band „Turnstile“, déi iwweregens och den 23. Juni hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal spillt.

Déi jonk Schlofzëmmer Pop Musekerin Hannah Jadagu beséngt op hirer frëscher Single eng grouss Léift a fir d‘Hip-Hop Fans ginn et nei Produktioune vum amerikanesche Rapper Oddisee an dem britteschen Talent Little Simz, där hir nei Scheif „Lotus“ iwweregens och eisen Album vun der Woch ass! 

  • Sabrina Carpenter - Manchild
  • Addison Rae – Fame is a Gun
  • George Riley, Mura Masa – Forever
  • Turnstile – I CARE
  • Oddisee – Tomorrow Can‘t Be Borrowed
  • Hannah Jadagu – My Love
  • Myd – Song for You
  • Little Simz, Lydia Kitto - Only