search

/ Optakt vum EU-Kanada-Sommet: Wéi kënne béid Säite méi enk zesumme schaffen?

International

|
reading time

3 min

Optakt vum EU-Kanada-Sommet: Wéi kënne béid Säite méi enk zesumme schaffen?

Um EU-Kanada-Sommet zu Monréal wëllen béid Säite doriwwer beroden, op wéi eng Art a Weis si méi enk zesummeschaffe kënnen. Virgesinn ass, datt d’Politik am Beräich vun der Energie, dem Klimaschutz, der Technologie an der Sécherheet méi openeen ofzestëmmen.

reading time

3 min

Ursula von der Leyen | © EPA/GRAHAM HUGHES
Ursula von der Leyen (Foto: EPA/GRAHAM HUGHES)

Am Kader vun enger potentieller Zesummenaarbecht ass och virgesinn, datt Kanada un den EU-Programmer fir d’Recherche an d’Verdeedegung agebonne gëtt. 

D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun war am September no vir geprescht, andeems si Kanada offréiert hat, associéierte Member vun der Europäescher Unioun ze ginn. Dës Propos war fir d'EU-Memberlänner eng komplett Iwwerraschung - dës war net mat den EU-Memberlänner ofgeschwat. 

Vill oppe Froen a wéineg Äntwerten 

D'Ursula von der Leyen hat iwwerdeems net präziséiert, wat genee ënnert deem neie Format ze verstoen ass.

Virun allem Däitschland hat sech géint deen Terme vun enger associéierter Memberschaft fir Kanada gewiert. Awer och aner Länner, dorënner Lëtzebuerg hu sech Froen driwwer gestallt. Och well d’Kommissioun bis elo net genee erkläre konnt, aus wat dat Konzept genee bestéing.

Den Enthusiasmus, fir eng méi enk Zesummenaarbecht mat Kanada ass a Kommissiounskreesser grouss. Et ginn Superlative beméit fir dat ze benennen, wat do tëschent der EU a Kanada entstoe soll. 

Partnerschaft déi un EU-Memberschaft erukënnt 

Zil wier eng Partnerschaft tëschent der EU a Kanada opzebauen, déi méi no bei enger Memberschaft ass, "wéi alles wat d’EU bis elo gemaach huet" mengt een héijen EU-Offiziellen.

Aus de schrëftleche Konklusiounen, déi um Sommet festgehale ginn, ass den Terme vum associéierte Member erausgeflunn. Am Text steet am Plaz, et sollt ee Konzept entwéckelt ginn fir eng ëmmer méi enk Associatioun, déi kuerz virun eng richteg Memberschaft kënnt.

Am Text gëtt och d’Initiativ tëschent Kanada an e puer Memberlänner fir eng Bank fir d'Defense, d’Sécherheet an d’Resilienz ernimmt. De Premier Luc Frieden (CSV) hat dës och a senger Ried zur Lag vun der Unioun ugeschwat. Och dat Konzept gëtt do awer net weider erkläert.

"Allianz fir d'Zukunft"

De kanadesche Premier Mark Carney hat a senger Interventioun am Europaparlament vun enger Allianz fir d’Zukunft geschwat. Hie sot och, op de Numm kéim et un. 

D’Ursula von der Leyen gesäit dat offensichtlech anescht. Nach gëschter Owend nodeems si a Kanada gelandt war, huet si op de soziale Medien geschriwwen. Et wier d'Zil Kanada méi enk wéi jeemools virdrun un d’EU ze bannen - dat als “Associéierte Member vun der EU”.

D’Kommissiounscheffin schéngt also net prett ze sinn, deen Terme opzeginn.