Radioen

On air

Kultur um 5  |  100 Joer Pierre Boulez

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Parking Rousegäertchen ass nees op

350 Parkplazen

De Parking Rousegäertchen ass nees op

De Stader blo-schwaarze Schäfferot mécht et méi attraktiv fir mam Auto op der Gare ze parken. Am frësch renovéierte Parkhaus um Rousegäertchen op der Gare kann een déi éischt zwou Stonne gratis parken, esou d’Annonce vun der Lydie Polfer.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

© Sté Bisenius play_arrow
(Foto: Sté Bisenius)

Domat wéilt een d’Liewen am Quartier stäerken an notamment och den Zougank zur Zitha-Klinik méi einfach maachen. 

Dat ënnerierdescht Parkhaus wier no den neiste Standarden, mat automatescher Plackenerkennung an engem Sécherheetssystem equipéiert, sou DP-Buergermeeschtesch Lydie Polver de Méindegmoie virun der Press. 

Budget ëm 7,6 Milliounen Euro depasséiert

D’Breet vun de Parkplaze wier vun 2 Meter 30 op 2 Meter 50 ugepasst ginn, wouduerch ee 87 Parkplaze manner hätt, sou nach Buergermeeschtesch. Den initiale Budget vun 21 Millioun wier iwwerdeems ëm 7,6 Milliounen Euro depasséiert ginn.

Dëst wier ënnert anerem der Pandemie an de méi héije Käschten am Bausecteur geschëlt, sou d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg.

Datt d‘Buergermeeschtesch Parking an hirer Karriär zweemol aweie géif hätt si net geduecht.

Ausso lauschterenplay_arrow