arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parquet reagéiert op Messerpickerei vu Mannerjäregen: Aktuell Strukture ginn net duer

Parquet

|
headphones

1 min

Parquet reagéiert op Messerpickerei vu Mannerjäregen: Aktuell Strukture ginn net duer

Nom Virfall um Lampertsbierg tëschent zwee 14 Joer ale Meedercher, mellt de Parquet sech zu Wuert fir op d‘Situatioun vum Encadrement fir Jonker mat Schwieregkeeten hin ze weisen. De Virfall wier keen einfache Fait divers gewiescht, mee e misst a méi e breede Kontext gesat ginn.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Julian Stratenschulte
(Foto: picture alliance/dpa | Julian Stratenschulte)

Bei engem vun de concernéierte Meedercher wieren nämlech scho Mesuren decidéiert gewiescht, mee si hätten net kënnen ëmgesat ginn, well net genuch Plazen an den adaptéierte Strukture wieren.

Déi aktuell Strukture géifen net duergoen, fir Jonker mat mentale Problemer en charge ze huelen, esou de Parquet.

Dee Probleem wier net nei, et wier e strukturelle Problem an et misste Léisunge fonnt ginn. Et wier genee duerch déi Mëssstänn, datt et zu esou Eskalatioune wéi gëschter kéim, déi schlussendlech an enger Aggressioun mat engem Messer geendegt huet.