An der Plenière krut d'Paulette Lenert de Mëtteg vun den aneren Deputéiert felicitéiert. Et wier een emotionale Moment, sot d’Paulette Lenert, wéi si hir Zäit um Krautmaart reflektéiert huet.
"Datt ech ganz dankbar sinn, dat ass dat, wat ech haut empfannen, fir déi Zäit hei konnten ze verbréngen. Et sinn Debatte gewiescht, Meenungsverschiddenheeten, déi sinn ëmmer am géigesäitege Respekt ofgelaf."
Si hätt d'Chamber eréischt richteg kennegeléiert, wéi si bis dra war, esou d'Paulette Lenert.
"Et gesäit een hanner d'Kulissen. Et gesäit ee wat d'Aarbecht ass. Mir huet dës Zäit ganz vill bruecht. Ech soen Iech alleguerte Merci fir d'Ënnerstëtzung."
Esou d’Paulette Lenert. D’Propositioun vun der Chamber geet elo weider un de Grand-Duc, deen d’Paulette Lenert da fir de Staatsrot muss nominéieren. Dëst gëllt awer als eng Formalitéit. Bis zu hirer offizieller Vereedegung bleift si Member vun der Chamber.