Besonnesch akut wier d‘Situatioun bei de Bluttgruppen A-Negativ an O-Negativ. Do wiere just nach genuch Reserve fir aacht bis néng Deeg Reserven do. Dat wier net genuch, wann et op eemol eng aussergewéinlech Demande fir déi Bluttgruppe géif ginn.
Nowierkunge vun der Hëtztwell
Ee Grond fir déi Situatioun wier, datt wéinst der Hëtztwell am Summer besonnesch wéineg Blutt gespent gouf, dee Réckgang hätt bis elo nach net kënnen ausgeglach ginn.
D‘Rout Kräiz rifft dofir jiddereen op, dee Blutt spende kann, dat an de nächsten Deeg oder Wochen ze maachen.
Praktesch Informatiounen
E rendez-vous dofir kann een entweder Online maachen – um Site dondusang.lu oder iwwert Telefon op der Nummer: 27 55 4000. Et kann een awer och spontan an de Bluttspenden-Zenter op der Adress 42, Boulvard Joesph II an der Stad kommen.