arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Perquisitiounen am Gebai vun der EU-Kommissioun: Irregularitéite bei Immobilieverkaf

Europäesche Parquet

|
headphones

1 min

Perquisitiounen am Gebai vun der EU-Kommissioun: Irregularitéite bei Immobilieverkaf

An de Gebaier vun der EU-Kommissioun zu Bréissel goufen et um Donneschdegmoie Perquisitiounen. Den europäesche Parquet enquêtéiert wéinst méiglechen Irregularitéite bei der Vente vun Immobilie.

headphones

1 min

EU-Kommissioun | © picture alliance / Goldmann | Goldmann
EU-Kommissioun (Foto: picture alliance / Goldmann | Goldmann)

Et geet ëm 23 vun hire Gebaier, déi d‘EU-Kommissioun 2024 dem belsche Staat verkaaft hat. Deemools hat d‘EU-Kommissioun ugekënnegt, datt de belsche Staatsfong d‘Gebaier fir 900 Milliounen Euro ofkaaft hätt. D‘EU-Kommissioun hat sech zum Zil gesat, hir Bürosfläch bis 2030 ëm 25 Prozent ze reduzéieren. Et hätt eng ëffentlech Ausschreiwung ginn, déi de belsche Staatsfong gewonnen hätt.

E Spriecher vun der Kommissioun sot de Mëtteg, datt bei der Vente alles richteg gelaf wier. Et géif een awer mam europäesche Parquet zesummeschaffen an alles oppeleeën.