search

/ Petitioun iwwer Gebrauch vun ënner anerem Pefferspray huet déi néideg Ënnerschrëften

Petitioun

|
reading time

2 min

Petitioun iwwer Gebrauch vun ënner anerem Pefferspray huet déi néideg Ënnerschrëften

Mat der Petitioun soll elo an der Chamber iwwer eng Reform vum Waffegesetz, déi et Groussjäregen erlaabt net legal Verteidegungswaffe bei sech ze droen, debattéiert ginn. An der Praxis heescht dat, datt ee beispillsweis an der Ëffentlechkeet dierf Pefferspray bei sech droen.

reading time

2 min

© picture alliance / dpa | Armin Weigel
(Foto: picture alliance / dpa | Armin Weigel)

Den Auteur vun der Petitioun ass den Alexandre Titeux, deen och politesch aktiv ass bei der DP. Dës Initiativ wier awer privat an d'Partei hätt näischt domat ze dinn, ënnersträicht den Alexandre Titeux am 100,7-Interview. 

Mat der Petitioun wollt hien erreechen, datt iwwerhaapt een ëffentlechen Debat zu dem Sujet stattfënnt. 

"Well einfach d'Fro muss opgegraff ginn, wat kënne mir als Bierger zu Lëtzebuerg maachen, fir eis legal kënnen ze verteidegen." 

Leit missten "eegent Bewosstsinn" schäerfen

Senger Meenung no misst all Persoun déi volljäreg ass, beispillsweis kënne Pefferspray bei sech droen. 

"Eleng schonn d'Gewëssheet, datt ee sech kéint a Situatioune verteidegen op legaler Basis, ass scho fir d'Leit eng immens Erliichterung."

D'Geforen - wéi datt Leit sech a geféierlech Situatioune beginn, well si sech duerch de Pefferspray méi sécher spieren, oder datt ee Pefferspray kann zu Eskalatioune féieren - versteet den Auteur vun der Petitioun, mee och hautdesdaags géife scho vill Leit déi Waff mat sech droen, mengt den Alexandre Tuteux. 

"Esou Fäll trieden net op, wat awer net heescht, datt se net kéinten an Zukunft optrieden. Mee ech denken, datt een de Fokus muss drop halen, datt all Mënsch säin eegent Bewosstsi muss schäerfe fir eng Situatioun uerdentlech an adequat anzeschätzen." 

Dem Alexandre Tuteux no géif och net méi Aarbecht op d'Police duerkommen.