arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Philharmonie mellt verdächteg Bankoperatiounen an Héicht vun 160.000 Euro

National

|
reading time

1 min

Philharmonie mellt verdächteg Bankoperatiounen an Héicht vun 160.000 Euro

D’Philharmonie um Kierchbierg huet de Justizautoritéite verdächteg Bankoperatiounen an Héicht vun 160.000 Euro gemellt. An engem Schreiwes heescht et, datt presuméiert Bedruchsoperatioune bei interne Kontrollen opgefall wieren.

reading time

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Et géif sech ëm eng Serie vu suspekte Viremente vun am Ganzen 160.000 Euro handelen. Dat huet d‘Philharmonie gëschter an engem Communiqué matgedeelt. D‘Direktioun vun der Philharmonie géif mat den Autoritéite kooperéiere fir déi verdächteg Bankoperatiounen opzeklären.

Audit soll Opklärung bréngen

Et wier en onofhängegen Audit iwwer d‘Kontrollmechanisme bei der Philharmonie lancéiert ginn, fir eventuell Schwaachstellen ze identifizéieren a wann néideg Mesuren ze huelen. 

Méi Detailer kéint d’Philharmonie den Ament wéinst der lafender Enquête net ginn. D‘Aktivitéite vun der Philharmonie géifen normal weider lafen. 

Enquête preliminär beim Parquet

De Parquet huet eng preliminär Enquête opgemaach wéinst de méiglechen Detournementer bei der Philharmonie. Dat seet de Justizspriecher Henri Eippers op Nofro hin. Ob a wéini een Untersuchungsriichter mat ageschalt gëtt bleift ofzewaarden, esou de Justizspriecher.