arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prozess ëm Policegewalt: Ugeklote Polizist wollt wuel "eng Rechnung begläichen"

Justiz

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Prozess ëm Policegewalt: Ugeklote Polizist wollt wuel "eng Rechnung begläichen"

Am Prozess ëm Policegewalt am fréiere Kommissariat Stater Gare huet gëschter dee Polizist ausgesot, deen de Fall gemellt hat. Deen deemools 22 Joer ale Polizist huet erkläert, datt hien op d'Stater Gare, bei déi meescht "Action", wollt. Dëse Virfall huet säi Bild awer un d'Wackele bruecht.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Am Prozess geet et drëm, datt e Polizist am Mee 2023 e Mann soll geschloen hunn, zwee aner Beamte wieren dobäi gewiescht an ee véierte soll versicht hunn et ze vertuschen. Zwee Méint drop waren déi véier Poliziste festgeholl ginn an an Untersuchungshaft komm. Si goufen an der Suite dovu suspendéiert.

"Danz mat mir" 

Um Dag vun der Dot wier hie mat engem anere jonke Polizist op Patrull op der Gare gewiescht. Vu Wäitem hätte si Gebrëlls héieren an e Rucksak fléie gesinn. Deen hätt wuel dem spéideren Affer gehéiert. De Mann wier opbrausend gewiescht an alkoholiséiert. No weiderem Zodi hätte si de Mann matgeholl, dee genervt gewiescht wier, sech awer net gewiert hätt.

Um Büro gouf op den Dokter gewaart. Op eemol wieren déi Ugekloten Tom D., Joé K. a Rick S. an d’Zell komm, an de jonke Polizist gouf virun d’Dier geschéckt. Vun do hätt hie Fäischtimpakter an d’Affer jéimeren héieren, éier den Tom D. zum Mann gesot hätt: "Danz mat mir". 

Wéi d’Dier opgoung, hätt den Tom D. seng Händschen ausgedoen, d’Affer um Buedem geleeën, an et wier iwwerall Blutt gewiescht.

Eng Rechnung, déi den ugeklote Polizist wollt begläichen

Hien hätt du gesot kritt, hie sollt d’Zell an dem Mann säi Gesiicht botzen. Dee wier net ganz bäi sech gewiescht an hätt net trëppele kënnen. Wéi den Dokter gefrot hätt, wat mam Mann geschitt wier, sot de Joé K., deen hätt sech bei senger Immobilisatioun gewiert.

Dogéint sot de Mann, wéi e lues a lues zou sech koum, datt hie geschloe gi wier, an den Dokter hätt dat dunn néiergeschriwwen. De Beschëllegten André A. hätt nach gesot, datt eng Rechnung tëschent dem Tom D. an dem Affer opstoung an datt et héich Zäit gi wier, datt déi beglach gouf.

Polizist, deen et gemellt huet, gëtt als Rat bezeechent

De jonke Polizist huet sech doropshi versetze gelooss a mat engem eelere Kolleeg vu sengem neie Kommissariat iwwer de Virfall geschwat. Duerno wier hie bei de Chef vum Verluerekascht gaangen an du wier d’Affär bei der Generalinspektioun vun der Police IGP gelant.

An der Police géif hien zënterhier gemobbt ginn. D’lescht Woch nach wier hien als Rat bezeechent ginn.

De Moie geet dëse Prozess virun.

play_arrow Lauschteren