Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Claire Rousay & Helena Deland - Deceiver

play_arrow Live
search

/ Réckbléck op den US-Walkampf

Trump vs. Harris

Réckbléck op den US-Walkampf

No engem Walkampf vun iwwer engem Joer ass et haut um Dënschdeg esou wäit, an de ganzen USA gëtt op dësem Dënschdeg en neie President gewielt. Dem Joe Biden säi Successeur wäert entweder Donald Trump oder Kamala Harris heeschen. Sondagen annoncéieren en immens knappt Resultat, an et kéint nach e puer Deeg dauere bis kloer gëtt, wien d'Course fir d’Wäisst Haus gewënnt.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

play_arrow

Eise Korrespondent Philip Crowther huet de ganze Walkampf materlieft a kuckt zeréck op dat lescht Joer, a besonnesch déi lescht puer Méint. D'Virwalen am Iowa am déiwe Schnéi, dunn déi am New Hampshire, als nächst war South Carolina drun. Dat war alles um Ufank vun dësem Waljoer 2024. D'Resultater waren ëmmer déi Nämmlecht: Den Donald Trump war de klore Leader vun der Republikanescher Partei. An de President Joe Biden krut nach eng Kéier d'Confiance vun den Demokraten.

Den Trump bleift Leader bei de Republikaner

Besonnesch op der republikanescher Säit huet den Ex-President Trump realistesch Géigner, déi eng konservativ Partei aus der Pre-Trump-Ära symboliséiert hunn, een nom aneren aus der Course geheit. Trump géint Biden also, zwee eeler wäiss Männer, dat war de Choix an Amerika. Bis de 27. Juni. Den Debat am Studio vu CNN zu Atlanta.

Kris bei den Demokraten: Biden gëtt duerch Harris ersat

D'Wäisst Haus, an den Joe Biden selwer, haten et virdru gepackt d'Diskussiounen iwwer säin Alter a seng kloer Schwächte fir e laangen ellene Walkampf géint den Donald Trump ze vermeiden. No deem Moment ass et ganz séier gaangen. Déi éischt Demokraten am Kongress hunn oppen iwwer e last-minute Wiessel nogeduecht. Wat onwarscheinlech geschéngt huet, huet sech a 25 Deeg erauskristalliséiert. Den Joe Biden sollt duerch seng Vize-Presidentin Kamala Harris ersat ginn. En Äerdbiewen an der amerikanescher Politik.

Dem Donald Trump säin Opschwong an d'Attentat

Mee virdrun nach war d'Bün fräi fir den Donald Trump: Dem Biden seng Schwächt huet zum Opschwong fir de Republikaner geféiert, bis et alles bal hätt kennen op en Enn kommen. Ëm e Millimeter huet den Donald Trump zu Butler, am Staat Pennsylvania, e Mordversuch iwwerlieft. E Motiv gëtt et nach haut keent fir de Mann, deen den 13. Juli probéiert huet den Ex-President beim Walmeeting ze erschéissen. Den Trump huet et iwwerlieft, mat Blutt am Gesiicht huet hie sech nach eng Kéier senge Supporter gewisen a si opgeruff ze kämpfen, e Bild, dat direkt an d'Geschicht vun USA agaangen ass.

Den Trump als "Messias" um republikanesche Parteikongress

Kuerz duerno war et de republikanesche Parteikongress zu Milwaukee, am Schlësselstaat Wisconsin. Seng Supporter hunn den Trump als Messias gekréint, de Mann, dee vu Gott beschützt gouf fir nach eng Kéier President ze ginn. D'Gefill an den USA dee Moment: den Trump kann déi Wal net méi verléieren. Ze chaotesch waren d'Demokraten.

D'Demokrate fannen neie Schwong mat der Kamala Harris

Mee séier hu si mam Choix vun der Kamala Harris als Kandidatin fir den Joe Biden ze ersetzen en neien Enthusiasmus fonnt. Dat hat een an hire Reien zanter dem Barack Obama net méi gesinn a gespiert. Zu Chicago huet d'Kamala Harris hir politesch Karriär, bis elo, gekréint. "Am Numm vun all de Leit, deenen hir Geschicht nëmmen am beschte Land vun der Welt hätt kënne geschriwwe ginn, akzeptéieren ech är Nominatioun fir President vun den USA. A mat dëse Walen huet eist Land eng kuerz a wichteg Méiglechkeet den Zynismus, d'Batterkeet an d'Divisiounen hanner sech ze loossen an en neie Wee no vir ze wielen.” Zanter deem Moment geet et fir d'Demokraten drëms hir Wieler ze motivéiere fir d'Kamala Harris an d'Geschichtsbicher anzeschreiwen.

Kamala Harris: Eng nei Hoffnung fir Amerika

Si wier déi éischt Presidentin vun den USA, dee Schrëtt, deen d'Hillary Clinton 2016 net gepackt huet. D'Kamala Harris rifft op fir en neie Wee no vir a probéiert net drun ze erënneren, datt si Member ass vun enger Biden-Regierung, déi onbeléift ass. Si warnt, datt eng nei Presidence vum Donald Trump nees déi amerikanesch Demokratie a Gefor bréngt, esou wéi dat um Walowend 2020 de Fall war.

Erënnerungen un de Walowend 2020

Viru véier Joer, dës Wierder vum Donald Trump am Wäissen Haus: "Hei gouf gefuddelt, et ass eng Schan fir éist Land. Mir ware prett dës Walen ze gewannen, an éierlech gesot hu mir dës Walen och gewonnen.” Och dëst Joer warnen Demokraten, datt de Republikaner a sengem Doheem a Florida nees fräi seng Victoire deklaréiere kéint. Virun deem all d'Stëmme gezielt sinn, well dat kéint och an dësem Waljoer 2024 nach déi ganz Woch daueren.

Lauschterenplay_arrow