Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Mad Fox - Anna

play_arrow Live
search

/ Roger Infalt: Bettenduerf wëllt léiwer mat anere ländleche Gemengen zesummeschaffen

No Bettenduerfer Nee zur Nordstad

Roger Infalt: Bettenduerf wëllt léiwer mat anere ländleche Gemengen zesummeschaffen

D’lescht Woch koum iwwerraschend d’Annonce, datt d’Gemeng Bettenduerf sech géif aus de Verhandlungen iwwer eng Nordstad-Fusioun zeréckzéien. Den Tageblatt-Journalist Roger Infalt war an der Gemengerotssetzung dobäi wéi déi Decisioun an engem geheime Vott geholl ginn ass.

auto_stories

1 min

Wärend där Sëtzung hätt een eraushéieren, datt d’Gemeng Bettenduerf Projeten hätt, déi zesumme mat der Gemeng Tandel solle gemaach ginn, esou d’Observatioun vum Roger Infalt. Ënner anerem géif iwwer eng Apdikt geschwat ginn an datt Bettenduerf zesumme mat Tandel ee Gemengesyndikat wéilt grënnen.

Den éischte Bettenduerfer Schäffe sot no der Gemengerotssëtzung an nom geheime Vott, datt méi grouss Gemenge wéi Dikrech an Ettelbréck an Besoinen hätten, wéi méi ländlech Gemenge wéi Bettenduerf. Dem Schäffen no géif et Bettenduerf dowéinst warscheinlech besser zu Gesiicht stoen, wann ee géif mat enger anerer Landgemeng wéi Tandel zesummeschaffen.

Lauschterenplay_arrow