Op dat Gesetz, wat bis elo just am Fall vu Krich benotzt gouf, haten de President a seng Regierung sech beruff, fir 250 venezuelanesch presuméiert Kartell-Memberen an den El Salvador kënnen auszeweisen. E Riichter hat dat awer blockéiert.
D'Supreme Court huet elo d'Applikatioun vum "Enemies Act" fir Ausweisunge vu Migrante gutt geheescht, mat 5 Jo géint 4 Nee Stëmmen ënnerstëtzt. Als Konditioun gëllt awer ënner anerem, datt déi Betraffen d‘Méiglechkeet musse kréien, rechtlech géint hir Expulsioun virzegoen.