arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reform vun der Tutelle: Associatioune wësse selwer nach net, wat 2027 op si duerkënnt

Justiz

|
reading time

5 min

headphones

13 min

play_arrow

Reform vun der Tutelle: Associatioune wësse selwer nach net, wat 2027 op si duerkënnt

De Service d'Accompagnement Tutelaire (SAD) këmmert sech ëm Leit, déi ënner Tutelle gestallt ginn, mee si brauch dréngend méi Sue fir ze iwwerliewen. En neit Gesetz soll dat "iwwergangsméisseg" garantéieren. Wat déi zukünfteg Reform awer brénge soll, steet nach an de Stären.

reading time

5 min

headphones

13 min

play_arrow
De Mike Schaltz | © Radio 100,7
De Mike Schaltz (Foto: Radio 100,7)

Leit ginn ënner Tutelle oder Curatelle gestallt, wa si net méi fäeg sinn, selwer Decisiounen ze huelen. De Mike Schaltz, Chargé de direction vun der SAT ASBL, erkläert am 100,7-Interview, datt dat dacks Leit mat enger psychiatrescher Diagnos sinn, Leit mat engem Handicap oder eeler Persounen.

An deene Fäll gi si vum Tutelles-Geriicht ënner eng Tutelle oder Curatelle gestallt. Ënner anerem d’SAT (Service d'Accompagnement Tutelaire) ASBL exectuéiert dann d’Mesuren, déi virgesi sinn.

Räich, aarm, krank oder gesond: Leit ënner Tutelle si ganz verschidden

Vun 18 Joer u kann een ënner Tutelle gestallt ginn. Dobäi ass de Profil vun den eenzelne Leit immens verschidden, wéi de Mike Schaltz erkläert.

“D’Problematike si ganz divers. Mir hu Leit, déi op der Strooss liewen, awer och Leit, déi eng gutt finanziell Situatioun hunn an awer musse geschützt ginn.”

U sech gesäit de Code civil vir, datt d’Famill eng Tutelle oder Curatelle iwwerhuele muss. An der Praxis ass dat allerdéngs dacks net esou evident. Entweeder et ass keng Famill méi do, oder se ass wäit wech, oder se kann oder wëllt net.

An deene Fäll muss also op eng neutral Tutelle zeréckgegraff ginn. Dat ass zënter gutt 20 Joer esou per Gesetz virgesinn. Innerhalb vun deenen Associatiounen, déi dat iwwerhuelen, sinn et Sozialaarbechter, déi de Suivi vun deene Persoune garantéieren.

D’SAT ASBL betreit ronn 600 Dossieren. Dobäi wieren et liicht méi Männer, ëm déi ee sech muss këmmeren.
Wéi vill ee mat den eenzelne Leit a Kontakt ass hänkt och vu Fall zu Fall of, betount de Mike Schaltz.

Verschidde Leit hätte permanent “e Bobo” a mat deene wier een a reegelméissegem Kontakt. Anerer géinge quasi all Dag uruffen. Et ginn awer och Leit, mat deenen ee bal kee Kontakt huet, well si zum Beispill d’Tutelle net akzeptéiere wëllen.

Arbiträr Indemnisatiounen hunn d'Iwwerliewe schwiereg gemaach

Déi ganz Ekipp vun der SAT ASBL besteet aus 8 Assistant-sociallen a 4 Leit an der Administratioun.

Ob déi 12 Mataarbechter:innen – de Mike Schaltz inclus – hir Aarbecht allerdéngs virumaache kënnen, dat war bis viru Kuerzem nach guer net kloer.

D’Gesetz vun 1982 gesäit keng Indemnisatioun fir d’Curateure vir. Theoreetesch sollten d’Mesuren och vun der Famill iwwerholl ginn an da sollte se gratis sinn.

Bis elo kruten déi Professionell vun de Geriichter eng Indemnitéit pro Mount pro Dossier zougeschwat. Dës stoung awer a kengem Text, wéi de Mike Schaltz erkläert.

“An déi waren deelweis och immens arbiträr, soen ech elo mol, well et eben och keng Virgabe gouf. An dat huet dozou gefouert, datt an de leschte puer Joer Diskussioune waren, datt dat misst gereegelt ginn.”

Deelweis hätten d’Geriichter d’Tariffer och agefruer, well se verlaangt hunn, datt de Ministère hinnen eng Basis virgëtt unhand vun där si d’Indemnitéite kéinte maachen.

Dobäi kënnt, datt d’Indemnitéiten deelweis net indexéiert waren. Dat huet dozou gefouert, datt déi finanziell Situatioun ëmmer méi kritesch ginn ass, well d’Fraisen op der anerer Säit natierlech an d’Luucht gaange sinn.

Neit Gesetz ass just eng Iwwergangsléisung

Zënter Joren huet ee sech doriwwer beklot, ënnersträicht de Mike Schaltz. Den 13. Oktober war schlussendlech e Vott iwwer e Gesetz, dat d’Tariffer reegelt. E pauschalen Tarif pro Persoun, déi betreit gëtt, ass elo garantéiert.
Eng Dauerléisung ass dat Gesetz allerdéngs net.

“Dat geet elo u sech provisoresch duer, well et och net indexéiert ass. (...) Wann et net indexéiert ass hu mir an 2, 3 Joer rëm de selwechte Problem, well d’Salairen awer ropginn. Et gëtt un enger Reform geschafft an driwwer geschwat. Dat Gesetz hei soll elo iwwergangsméisseg si fir den Associatiounen déi néideg Loft ze gi fir déi Zäit bis d’Reform ze iwwerbrécken.”

Gëschter nach hat seng Associatioun eng Entrevue mat de Geriichter, wou verschidde Froen zur Ëmsetzung vum neie Gesetz gestallt a beäntwert gi sinn, seet de Mike Schaltz. 

D’Gesetz muss awer nach dëst Joer publizéiert ginn, soss kënnen d’Geriichter et net applizéieren – an d’SAT ASBL seng Mataarbchter:innen net méi bezuelen.

Momentan hätt och kee vu senge Mataarbechter:inne kënnege wëllen, seet de Mike Schaltz. Hie kéint et aktuell awer och kengem verdenken.

Reform vun der Tutelle soll 2027 kommen, mee et ass nach näischt driwwer gewosst

Un enger Reform, déi d’Tutelle grondsätzlech reforméiere soll, gëtt geschafft. Vum Inhalt an a wéi eng Richtung dës Reform goe wäert, dovu wëssen déi betraffen Associatiounen awer nach näischt. 2027 soll se awer scho kommen, huet d’Ministesch an der Chamber annoncéiert.

Consultéiert gi wier ee bis dato nach net, bedauert de Mike Schaltz, deen ongedëlleg op Informatiounen zur Reform waart.

Mike Schaltz wënscht sech Konventiounen

Hie wënscht sech iwwerdeems, datt wann Associatiounen déi néideg Conditiounen erfëllen, och eng Konventioun mam Staat kréien. Esou soll de System mat den Indemnitéiten, deen esou wuel fir si, wéi och fir d’Geriichter an de Staat opwenneg ass, ersat ginn.

Ausserdeem wier et am soziale Beräich jo üblech, mat Konventiounen ze schaffen, mierkt de Mike Schaltz un. Da kréich een och Poste garantéiert an et hätt een eng gewëss Ofsécherung.

Ausserdeem misst een net méi pro Dossier bezuelt ginn, wat aktuell als Risiko mat sech bréngt, datt ee vläit méi Dossieren unhëlt, wéi een der traitéiere kann.

play_arrow Lauschteren