Op enger Pressekonferenz sot hien och, datt d'Täter vun Iwwerwaachungskamerae gefilmt gi wieren an datt aktiv no den zwee Männer géif gesicht ginn. De Parquet vu Grasse huet eng Enquête opgemaach.
A Frankräich ass elo d‘Diskussioun iwwer d‘Sécherheet an de Muséeë rëm nei lancéiert. Eréischt virun engem Joer waren am Louvre zu Paräis Krounbijouen an engem Wäert vun 88 Milliounen Euro geklaut ginn.