arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rietspopulist Nigel Farage ass op en Neits an dat brittescht Parlament gewielt ginn

Groussbritannien

|
reading time

1 min

Rietspopulist Nigel Farage ass op en Neits an dat brittescht Parlament gewielt ginn

A Groussbritannien ass de rietspopulistesche Reform-UK-Chef Nigel Farage nees an d’Parlament gewielt ginn, dat mat 63 Prozent vun de Stëmmen. Bei enger Neiwal am Walbezierk Clacton an England krut de fréiere Brexit-Supporter gutt 22.000 Stëmmen.

reading time

1 min

© EPA/ANDY RAIN
(Foto: EPA/ANDY RAIN)

Dem Nigel Farage säi gréisste Konkurrent war de Count Binface, deen op ronn 9.500 Stëmmen, also op 27 Prozent, koum. Den Nigel Farage hat dës Neiwale selwer provozéiert, andeems hie virun e puer Woche säi Sëtz am Parlament opginn hat.

Hannergrond ass eng parlamentaresch Enquête géint hien, wéinst engem ondeklaréierten Geldtransfert. D'Parlament huet de Moien ugekënnegt, datt d'Enquête, déi wärend de Walen op Äis loung,  elo weider wäert goen. Sollt den Nigel Farage schëlleg gesprach ginn, kéinten d'Walen deemnächst nees widderholl ginn.