De Kreml hat d’Zeitung och schonn als “Auslandsagent” gelëscht, wat lauter Nodeeler mat sech bruecht huet. Ënner anerem konnte si doduerch kee weidert Akommes nieft hirem Salaire bezéien.
De Responsabele wier et deemno onméiglech gewiescht, et nach ënner dem Drock vun de russeschen Autoritéiten auszehalen, déi en Enn elo finalement forcéiert hätten.
Angscht virun Astufung als extremistesch Organisatioun
D’Nowaja Gaseta huet et an engem offizielle Statement op hirer Internetsäit esou formuléiert.
"D’Zeitung gëtt et net méi. Déi russesch Autoritéiten an déi russesch Geheimdéngschter hunn eis Redaktioun dozou gezwongen, eis Aarbecht anzestellen."
Angscht hätt een och do virdru gehat, als extremistesch Organisatioun agestuuft ze ginn an domat ze riskéieren, datt Mataarbechter vun der Redaktioun an de Prisong ze kommen.
Chefredakter virun zwou Woche festgeholl
D’Nowaja Gaseta war am Weste bekannt ginn nodeems d’Anna Politkowskaja, eng vun hire Journalistinnen, 2006 ëmbruecht gi war. Si hat ënner anerem ëmmer nees iwwer den zweeten Tschetschenien-Krich bericht an der offizieller russescher Duerstellung an deem Krich widdersprach.
D’Nowaja Gaseta, wat iwwersat “Nei Zeitung” heescht, ass dem russesche President Wladimir Putin schonn zënter Längerem en Dar am A. Dat ënner anerem, well se ëmmer nees Mënscherechtsverletzungen an Zensur a Russland oppen thematiséiert huet.
Nom Ausbroch vum Krich an der Ukrain ass de Kreml ëmmer méi resolut géint d’Nowaja Gaseta virgaangen.
Virun zwou Woche war hire Chefredakter Sergei Sokolow no enger Perquisitioun bei sech doheem festgeholl ginn. Mëttlerweil ass hien awer nees op fräiem Fouss. 2024 war och de Chefredakter schonn eng Kéier verhaft ginn. Dat, well hien an engem Artikel d'Arméi soll diskreditéiert hunn.
Den 9. November wäert d’Nowaja Gaseta hir Dieren dann endgülteg zoumaachen.