No éischten Héichrechnunge krut si gutt 57 Prozent vun de Stëmmen.
D‘Wale waren allerdéngs net fräi. Oppositiounsparteien hunn net däerfen drun deelhuelen. Zougelooss waren nëmme Parteien, déi loyal zum Kreml an dem President Wladimir Putin sinn.
Attacke wärend de Walen a Russland
Wärend de Walen, déi dräi Deeg gedauert hunn, hat d‘Ukrain Ziler a Russland ugegraff. Moskau sot, et wiere méi wéi 1.000 ukrainesch Dronen interceptéiert ginn.