arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russland attackéiert Ukrain nees massiv - Selenskyj gesäit awer Virdeel fir d'Ukrain

Krich an der Ukrain

|
reading time

1 min

Russland attackéiert Ukrain nees massiv - Selenskyj gesäit awer Virdeel fir d'Ukrain

No de massiven ukraineschen Attacken op russeschen Territoire huet Moskau hënt mat Géigenattacke reagéiert. Viséiert waren de Süden an den Zentrum vum Land. Op d'mannst 12 Leit goufe blesséiert.

reading time

1 min

© European Council
(Foto: European Council)

Iwwerdeems huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj erkläert, datt sech d‘Krichssituatioun zum ukrainesche Virdeel verännert hätt. Mat nei entwéckelte Rakéite kéint een Ziler, déi iwwer 500 Kilometer ewech sinn, treffen.

Ënner anerem déi russesch Haaptstad Moskau kéint dowéinst ëmmer nees an d‘Viséier geholl ginn.