arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sam Tanson reagéiert: Lëtzebuerg soll seng Verantwortung net kleng maachen 

Xavier Bettel am BBC-Interview

|
reading time

1 min

Sam Tanson reagéiert: Lëtzebuerg soll seng Verantwortung net kleng maachen 

An engem BBC-Interview vu leschter Woch hat de Xavier Bettel gesot, datt Lëtzebuerg keng grouss militäresch Kapazitéiten hätt, fir sech an de Krich am Noen Osten anzemëschen. Iwwerdeems huet hien déi international Relatioune mam US-President mat engem “Et ass komplizéiert”-Facebook-Status verglach.

reading time

1 min

Xavier Bettel | © European Union
Xavier Bettel (Foto: European Union)

Déi gréng Deputéiert Sam Tanson bedauert dem DP-Ausseminister seng Aussoen.

Sam Tanson: Lëtzebuerg soll seng Verantwortung net kleng maachen 

Et wier traureg Lëtzebuerg esou ze ridiculiséieren, wéi wann een nëmmen eng gutt Militärmusek an ee Fliger hätt, esou d'Sam Tanson am 100,7-Interview. 

"Eigentlech geet et an eisen Aen drëm, datt ee kloer Positioun hëlt an eng kritesch Haltung ausformuléiert. Am Ufank vum Interview mécht an dat nach. An dann aart et relativ séier aus, wou dat, wat zielt, si kuerz, schlagfäerdeg Witzer, fir de Public ze gewannen."

D'Positioun vu Lëtzebuerg géif an deem Ganzen e bësse verluer goen, esou d'Sam Tanson. Et hätt een net just eng gutt Militärmusek. 

"Mir hunn eng ganz Rëtsch spezialiséiert Beamten, Leit, déi sech asetzen. Ech fannen et bedauerlech, wa mer eis selwer nach méi kleng maachen, voir souguer ridiculiséieren, andeems mer et duerstellen, wéi wa mer just eng Militärmusek an ee Fliger hätten. " 

Iwwerdeems géif ee sech esouwuel vum Ausseminister wéi och vum Premier eng kloer Haltung erwaarden, an net nëmmen eng Beschreiwung vun der Situatioun oder ee Kleng-Maache vun der Verantwortung.