Radioen

On air

Kultur um 5  |  100 Joer Pierre Boulez

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schëlder op Zucharrête vun elo un och op Lëtzebuergesch

280 Pannoe ginn ersat

Schëlder op Zucharrête vun elo un och op Lëtzebuergesch

Ass Iech schonn eng kéier opgefall, datt op de Garen hei am Land d’Uertschaftsnimm just op Franséisch affichéiert sinn? Zënter den Freideg steet op der Escher Gare den éischten zweesproochege Panno. Nieft Esch-sur-Alzette ass drënner lo och Esch Uelzecht ze liesen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Schëlder op Zucharrête vun elo un och op Lëtzebuergesch | © Kulturministère play_arrow
Schëlder op Zucharrête vun elo un och op Lëtzebuergesch (Foto: Kulturministère)

Wee vill mam Zuch ënnerwee ass an heefeg déi selwecht Streck fiert kennt d‘Arrête vun den Garë warscheinlech scho bal auswenneg an dat souwuel op Lëtzebuergesch wei och op Franséisch. Fir Leit déi aus dem Ausland mam Zuch an d’Land kommen ass dat warscheinlech net sou evident. An nieft den Touristen a Frontaliere kenne sécher och eng ganz Partie vun den Lëtzebuerger Residenten net de lëtzebuergeschen Numm vun engem Duerf.

Fir d’Lëtzebuerger Sprooch am ëffentleche Raum méi visibel ze maachen, wäerten an Zukunft niewent de franséischen Uertschaftsnimm och déi Lëtzebuergesch op de Gare uechtert Land ze liese sinn, sou den Kulturminister Eric Thill.

"Et si Leit, déi vläicht net esou direkt mat der Lëtzebuerger Sprooch a Kontakt sinn, déi d'Lëtzebuerger Sprooch vläicht net esou direkt verstinn, kréien hei op en direkte Wee d'Uertsnimm op Lëtzebuergesch och erkläert."

Stellewäert vu Lëtzbuerger Sprooch ervirhiewen

Zil vun dëser Mesure wier et de multilinguale Charakter vu Lëtzebuerg ze ënnersträichen an och de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch ervirzehiewen. Ronn 280 Schëlder op den 68 Garen an Halte solle bis Enn 2026 am ganze Land ersat ginn, erkläert den Henri Werdel vun den CFL. Och déi zwou Halte Wuelmereng an Däitsch Oth kréien nei Schëlder.

Puer Uertschaftsnimm wäerten da souguer am Dialekt affichéiert ginn, sou den d’Directeur Investissements Infrastrukture vun der CFL. „Ee Beispill ass da Clierf - Cliärref oder en anert Beispill wier Wolz Wooltz.“ Am ganze solle 6 Statiounen esou benannt ginn, wéi och d‘Leit se nennen, déi do wunnen.

De Kulturminister Eric Thill huet verweist drop, datt weider Projete fir d’Lëtzebuerger Sprooch méi visibel ze maachen um Findel an och mat Pont et Chaussée ugeduecht sinn.

Lauschterenplay_arrow