search

/ Schlittschong fir Fortgeschrëttener

Olympesch Wanterspiller

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Schlittschong fir Fortgeschrëttener

A kenger anerer Sportaart op den Olympesche Wanterspiller ginn et esou vill verschidden Disziplinne wéi am Äisschnellaf. Et ass eng Sportaart, déi Vitess, Technik an héichmodernt Material madenee verbënnt. Eng Natioun stécht dobäi besonnech ervir.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Jutta Leerdam huet den olympesche Rekord iwwer 1.000 Meter am Äisschnellaf gebrach. | © EPA/TERESA SUAREZ
D'Jutta Leerdam huet den olympesche Rekord iwwer 1.000 Meter am Äisschnellaf gebrach. (Foto: EPA/TERESA SUAREZ)

Am Äisschnellaf ginn et insgesamt 7 verschidden Disziplinnen. Ugefaange mat 5 verschiddenen Distanzen: Déi kierzt ass 500 Meter, déi längst 10.000 Meter. Dobäi kommen nach de Massestart an d’Team-Verfollgung.

Gelaf gëtt op enger 400 Meter laanger, ovaler Äisbunn, déi an zwou Spueren agedeelt ass. Bis op de Massesprint an d’Team-Verfollgung trieden d’Athleetinnen an Athleeten nämlech am 1 géint 1 un.

Ënnerschiddlech Wertungen

Herno ginn d’Zäiten awer alleguer eenzel madenee verglach. Esou kann een zwar säin 1 géint 1 verluer hunn, an awer eng Medail gewannen. Just op 500 Meter ginn et puer Duerchgäng, an déi eenzel Zäite ginn addéiert.

Am Masseprint, wou bis zu 24 Äisschnell-Leefer- oder Leeferinnen un den Depart ginn, ass dat e bëssen aanecht. Alles an allem ginn hei 16 Ronne gelaf. No all 4. Ronn kritt ee Punkten. Wat ee méi wäit vir ass, wat ee méi Punkte kritt. Et ass also eng taktesch Course.

Aerodynamik ass alles

Fir sech esou séier um Äis ze beweegen, wéi d’Äisschnelleefer dat maachen, kënnt et och op d’Material un. Virop d’Schlittschong, bei deenen d’Eisen laang, a just e puer Milimeter dënn sinn. Zu Beefort op der Äispist géing eiseree keng 3 Sekonnen dorop stoe bleiwen.

Fir de Rescht hunn d’Athleeten e sougenannte Skin suit un. Eng Zort hauchdënnen Ganzkierper-Kostüm, dee ganz enk op der Haut opläit, an d’Aerodynamik vun den Äisschnelleefer verbessert. 

A wann Dir iech d’Kompetitiounen ukuckt, dann haalt en Aen op déi orange Skin Suites: Dat sinn d’Hollänner, déi traditionell zu de beschten Natiounen am Äisschnelllaf zielen.

play_arrow Lauschteren