arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schonn nees eng Persoun blesséiert nodeems en Aascht erofgefall ass

National

|
reading time

1 min

Schonn nees eng Persoun blesséiert nodeems en Aascht erofgefall ass

Et gouf schonn nees eng Persoun an engem Bësch vun engem Aascht blesséiert, dee vun engem Bam erofgefall ass. Dat mellt d‘Natur- a Bëschverwaltung – kuerz ANF - an engem Communiqué. D‘Accident ass an der Gemeng Bäerdreff geschitt, weider Detailler ginn et nach net.

reading time

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Marco Bunk
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Marco Bunk)

D‘ANF widderhëlt awer hir Warnung: Wéinst der laanger Dréchent an den Hëtztperioden wieren d‘Bëscher fragiliséiert an et géif méi eng grouss Gefor, dass Äscht erof falen oder dass Beem ganz ëmfalen. Dat kéint esouguer bei Beem geschéien, déi gesond ausgesinn. An datt d‘Wieder sech elo geännert huet géif d‘Gefor net reduzéieren.

Ëmmer virsichteg am Bësch ënnerwee sinn

D‘Natur- a Bëschverwaltung widderhëlt dofir hir Rotschléi: Wan een an de Bësch geet sollt een opmierksam a virsichteg sinn, virun allem wärend Dréchent an Hëtztperioden. Wa Stuerm ass, oder wann et staark bléist oder reent, soll een, wa méiglech, guer net an de Bësch goen, an och net direkt no engem Stuerm oder staarkem Reen.

Am Bësch soll een op de gezeechente Weeër bleiwen, an et soll e keng Pausen direkt ënnert engem Bam oder op Plaze, wou vill Beem sinn, maachen.