Ënner anerem soll d’Privatgesellschaft GGM 11 vum Science Center-Grënner Nicolas Didier an den LSC integréiert ginn. Donieft soll den neie Conseil d’administration duerch Membere verstäerkt ginn, déi vun der Regierung genannt ginn.
En Audit vun der KPMG hat d’Realitéit vu Facturen an Héicht vun 1,9 Milliounen Euro a Fro gestallt, déi GGM 11 a Rechnung gestallt hat.