Et wiere komplex administrativ Prozedure bei deenen d'Ministèren sech missten aschaffen, erkläert de Finanzminister Gilles Roth. Hie weist sech awer optimistesch, datt déi integral Gelder bis Enn 2026 waerten ugefrot ginn.
"Jo, dat ass Neiland wat Lëtzebuerg 2021, wou déi Projeten ugaange sinn an der Pandemie beschratt huet, et huet och en Ëmdenke bewierkt um Niveau vun den eenzelne ministeriellen Departementer. Ech verheemlechen och net datt do e Regierungswiessel komm ass, mee mir sinn an der Regierung, um Niveau vun de Ministere beflass fir dass déi Suen effizient agesat ginn."
De Gilles Roth war gëschter zwou grouss Photovoltaikanlagen zu Elleng besichen, d'Privatentreprisen déi des installéiert hu konnten dobäi vu Gelder aus dem Covid-Resilienzfong profitéieren.