Vum Chômage partiell betraff si ronn 450 Leit. Dem Fonds pour l‘emploi kascht dat iwwer 507.000 Euro. Dat war de Stand Enn Juni.
De Minister confirméiert dann och, datt de Chômage partiel conjoncturel, dee jo als temporär Mesure agefouert gi war, fir Aarbechtsplazen ze erhalen, net verlängert gëtt.
An hie confirméiert och, datt eng Rëtsch Betriber, déi eng Demande gestallt haten, kee Chômage partiel accordéiert kritt hunn. Déi Mesure wier ganz strikt applizéiert ginn, fir keng deloyal Konkurrenz am Secteur ze schafen, sou den Aarbechtsminister.