An der Diskussioun stinn europäesch Truppen, déi an der Ukrain wichteg Stied a strategesch Stëtzpunkte kéinten ofsécheren. Dobäi wier et fir déi Truppen net d'Zil fir un der Front ze stoen a géint déi russesch Arméi ze kämpfen, huet den Emmanuel Macron am Virfeld preziséiert.
Frankräich ënnerstëtzt d'Ukrain weider mat 2 Milliarden Euro
Gëschter Owend schonn hat den Emmanuel Macron den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj op Besuch am Elysée fir de Sommet virzebereeden. Bei der Pressekonferenz no der Reunioun huet de Macron ugekënnegt, datt Frankräich d’Ukrain mat zousätzlechen 2 Milliarden Euro Militärhëllef ënnerstëtzt. Dës kommen a Form vun ënner anerem Rakéiten, Panzeren an Dronen.
Den Emmanuel Macron sot och, datt d’Ukrain bereet wier fir eng Wafferou vun 30 Deeg ze observéieren.Elo wier et u Russland dat och ze akzeptéieren.
Wat bedeit d'Wafferou am Schwaarze Mier?
Den Ament heescht et, Kiew a Moskau wieren averstane fir eng Waffepaus reng am Schwaarze Mier. Russland huet Konditiounen un eng Wafferou am Schwaarze Mier u verschidde Konditioune geknäppt, an zwar datt Sanktiounen am Bankesecteur an am Handel mat russesche Liewensmëttel an Dünger opgehuewe ginn.
Virum Krich an der Ukrain war Russland ee vun de gréissten Exporteure vun Dünger op der Welt, an e groussen Deel vun dësem Handel goung iwwer d’Schwaarzt Mier. Russland wéilt enger Wafferou am Schwaarze Mier also nëmmen zoustëmmen, wann een dësen Handel nees ophuele kann, sou de Kreml.
Weider géif eng Wafferou am Schwaarze Mier déi Russesch Militärflott entlaaschten, déi zënter dem Ufank vum Krich mat konstanten ukraineschen Dronenattacken ze kämpfen huet, heescht et vun Experten.
Macron: Schrëtt an déi richteg Richtung
Fir d’Ukrain ass eng Wafferou am Schwaarze Mier manner essenziell. Zwar zielt och fir Kiew d’Argument vum Handel, allerdéngs fënnt de richtege Krich aktuell haaptsächlech um Kontinent statt. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj weist sech Russland géigeniwwer weider mësstrauesch. Och déi international Gemeinschaft weist sech zeréckhalend. Ënner anerem huet de franséische President Emmanuel Macron virum Sommet zu Paräis gemengt, datt eng Wafferou am Schwaarze Mier e Schratt an déi richteg Richtung wier, awer net géif duergoe fir een dauerhafte Fridden ze erreechen.