Gëschter, Sonndeg, haten d'USA scho mat der Ukrain verhandelt. Kiew sot d'Gespréicher wiere produktiv gewiescht.
Et géif een elo d‘Resultater vun de Verhandlungen haut tëschent den USA a Russland och zu Riad, ofwaarden, esou déi selwecht Source. Déi Verhandlunge géifen de Fokus op eng Waffepaus am schwaarze Mier leeën, esou eng Parti Medien, mat Verweis op Moskau. Um Dësch läit den Ament eng Propos fir d‘Attacken op Energie-Zentralen an aner Infrastrukturen ze stoppen. Um Terrain ginn d‘Ugrëff iwwerdeems weider.