Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sécurité routière: Firwat d'Assurancen net méi bezuelen

Mobilitéit

Sécurité routière: Firwat d'Assurancen net méi bezuelen

D'Sécurité routière verléiert hire gréisste Sponsor an historesche Partner: Den Assurancësecteur. Dat huet de Paul Hammelmann, den Nach-President vun der ASBL, déi sech fir méi Verkéierssécherheet asetzt, virgëschter um Dënschdeg an engem Interview op RTL verroden. Elo muss ee sech nei opstellen.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

275.000 Euro hunn déi 4 Lëtzebuerger Autosassureuren der Sécurité routière bis elo all Joer iwwerwisen, an domat ronn e Véierel zu hirem Budget bäigedroen. Domat ass vun 2026 u Schluss. De Marc Hengen, den Administrateur-délégué vum Assurancëverband ACA erkläert am 100,7-Interview, datt um Enn vum leschte Joer d'Assureure gesot hätten, datt si eng Rei aner Initiativen ënnerstëtze wéilten.

Dotatioun vum Staat kéint erhéicht ginn

"Dat heescht awer net, datt déi Aarbecht, déi op der Sécurité routière gemaach gëtt, net sënnvoll ass. Ganz am Contraire: Déi ass ganz sënnvoll. D'Fro ass eebe just, ob déi Aktivitéiten, déi do gemaach ginn, mussen zum gréissten Deel vun den Assureure gedroe ginn, oder net. An do war d'Äntwert: Éischter net méi."

Elo wiere Reflexiounen innerhalb vum Conseil vun der Sécurité routière amgaangen, fir sech frësch opzestellen an anere Sponsoren ze fannen, esou de Marc Hengen. Eventuell kéint och d'Dotatioun vum Staat erhéicht ginn.

D’Sécurité routière huet ufanks Mee e Rendez-vous bei der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes fir ënner anerem doriwwer ze schwätzen, esou de Paul Hammelmann um Mikro vum 100,7, deen d'Presidentschaft elo wuel nach e bësse méi laang wäert mussen assuréieren, wéi hien dat u sech wëlles hat.

Lauschterenplay_arrow