Lëtzebuerg géif domat seng international Verflichtungen aus der UNO-Behënnerterechtskonventioun net genuch erfëllen, esou d’CCDH.
D’Mënscherechtskommissioun fuerdert dowéinst konkret Mesuren, fir d'Recht op e selbstbestëmmt Liewen och zu Lëtzebuerg ze garantéieren.
Institutioun deen eenzegen Auswee fir ze wunnen?
Well et net genuch ugepasste Wunnenge gëtt an den Ëmbau vun enger Wunneng dacks deier a komplizéiert ass, géif eng Institutioun dacks déi eenzeg Méiglechkeet fir vill Mënsche mat enger Beanträchtegung bleiwen. Dobäi géif d'Liewen an enger Institutioun d'Selbstbestëmmung vun de Betraffenen aschränken, erkläert d'Laura Carocha vun der CCDH.
"Wat natierlech zu enger Isolatioun an enger Segregatioun vum Rescht vun der Gesellschaft bäidréit."
D'CCDH fuerdert dofir méi bezuelbar an accessibel Wunnengen an e konkrete Plang mat engem Zäitkalenner, fir d'Ofhängegkeet vun Institutiounen ofzebauen.
Beim legale Kader op engem Niveau mat Belarus an Ungarn
En anere grousse Problem wier déi perséinlech Assistenz. Perséinlech Assistenz soll de Betraffenen erméiglechen, hiren Alldag selbstbestëmmt ze gestalten, vum Undoen an der Hygiène bis hin zu Fräizäitaktivitéiten.
Zu Lëtzebuerg feelt dofir nach ëmmer eng gesetzlech Basis. Déi aktuell Fleegeversécherung an déi zousätzlech staatlech Hëllefe géifen net all d'Besoine vun de Betraffenen ofdecken.
"Momentan ass Lëtzebuerg nieft Ungarn a Wäissrussland eent vun deenen dräi eenzege Länner an Europa, wou et keng legal Basis fir esou eng perséinlech Assistenz gëtt, dat heescht, dass et keng Kontrolle ginn, keng formal Formatiounen, et gëtt keng Ënnerstëtzung fir d'Persounen, fir esou eppes op d'Been ze stellen."
D'CCDH fuerdert, datt perséinlech Assistenz als Recht unerkannt gëtt, mat engem individuelle Budget, engem gesetzleche Kader an enger besserer Unerkennung vum Beruff.
Konkret Mesurë loossen op sech waarden
Am neien nationalen Aktiounsplang fir d’Ëmsetzung vun der UN-Behënnerterechtskonventioun ass zwar fir 2027 e Gesetzesprojet fir esou e Budget virgesinn. Mee konkret Mesurë fir e komplette System vu perséinlecher Assistenz géifen dora feelen. Och d’Finanzéierung vum Aktiounsplang wier net gekläert, seet d’Laura Carocha.
"Dat heescht, dat gëtt dann einfach weiderlafe gelooss, vläicht adaptéiert, vläicht och net, a mir hunn dann eis Bedenken, ob dat net e bëssen e Manktem u Motivatioun da weist, fir duerno eeben sech nach eng Kéier zesummenzesetzen an een neien Aktiounsplang opzestellen."
Besonnesch bedauert d’Mënscherechtskommissioun, datt si bei der Ausschaffung vum Aktiounsplang net genuch agebonne gi wier.