Bei der Parlamentswal an Israel zeechent sech nach ëmmer kee klore Gewënner of. Nodeems ronn zwee Drëttel vun de Stëmmen ausgezielt sinn läit dem Premier Benjamin Netanjahu seng Likud-Partei zwar fir, mee et gëtt awer keng kloer Majoritéit fir säi riets-reliéise Block.
Och de Block vum Oppositionelle fréieren Arméi-Chef Gadi Eisenkot huet keng Majoritéit bis elo. Béid Lagere, déi jo aus méi Parteie bestinn, leien do drënner.
Oppositioun méi schwaach wéi erwaart
Stäerksten eenzel Kraaft gëtt den Ament dem Netanyahu seng Likud Partei, virun der neier Jaschar Partei vum Gadi Eisenkot.
Bis elo kënnt d'Koalitioun aus Riets-extremen an Ultra-orthodoxen op 54 Sëtz. D'Oppositioun déi aus verschiddene Parteien besteet kënnt op 49. Fir eng absolut Majoritéit am israeelesche Parlament braucht et 61 Sëtz.
Villes kéint vun den zwou arabesche Parteien ofhänken. Si kommen den Ament op e Rekord vun 18 oder 19 Sëtz. De 77 Joer ale Benjamin Netanyahu huet eng Zesummenaarbecht mat hinne scho kloer refuséiert. Koalitiounsverhandlungen kéinten deemno laang a schwiereg ginn.
Walparticipatioun esou héich wéi zënter iwwer 25 Joer net méi
Déi héich Walparticipatioun vu Palästinenser war eng weider Iwwerraschung. Déi arabesch Parteie kommen op 16 vun 120 Sëtz. Mee déi meescht Parteien aus der Oppositioun hunn ausgeschloss, mat hinnen ze koaléieren.
Dës Zuele sinn awer nach net definitiv.
D’Walparticipatioun gëschter louch mat 77,7 Prozent esou héich wéi zënter 1999 net méi an et ka bis muer daueren, fir d’Stëmmen all auszezielen.
Och da wäert et awer warscheinlech onkloer bleiwen, wéi déi nächst israeelesch Regierung ausgesi wäert an ob de Benjamin Netanjahu no bal 18 Joer am Amt awer nach weider Premier bleiwe wäert.