Radioen

On air

Fiasko Fest  |  S02E30 Mir scheiteren ëmmer nach: Joël Seiller a Maxime Weber

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Peking dementéiert, datt chineesesch Zaldoten un der Säit vu Russland kämpfen

No Reproche vum Selenskyj

Peking dementéiert, datt chineesesch Zaldoten un der Säit vu Russland kämpfen

Peking dementéiert déi ukrainesch Behaaptung, datt chineesesch Zaldoten am Ukrain Krich un der Säit vu Russland géife kämpfen. Déi Behaaptunge wieren net fundéiert, huet et de Moien aus China an enger éischter Reaktioun geheescht.

auto_stories

1 min

© European Council
(Foto: European Council)

Gëschter um Dënschdeg hat d‘Ukrain behaapt, datt se zwee chineesesch Zaldote bei Kämpf am der Regioun Donezk gefaange geholl hätt. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenkij hat eng deementspriechende Video gewisen a gesot, et géif Hiweiser ginn, datt méi Zaldoten aus China un der Säit vu Russland géife kämpfen.

Den Ausseministère zu Washington huet déi Behaaptung beonrouegend genannt.