Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
search

/ Senge Kleeder een zweet Liewe ginn

Spëndchen

Senge Kleeder een zweet Liewe ginn

De Mantel oder d’Hiem ginn net méi zou, oder d’Box gefält engem net méi. Mee amplaz d'Kleeder ewech ze geheien, freeë sech sozial engagéiert Organisatiounen ewéi d’Spëndchen op Kleeder, déi nach een zweet Liewe kënnen hunn.

auto_stories

6 min

headphones

4 min

© Carole Schimmer play_arrow
De Fabien Schmit ass Gerant vun der Spëndchen. (Foto: Carole Schimmer)

Déi Kleeder, déi een der Spëndchen gëtt, ginn all zu Lëtzebuerg iwwert zwee Vestiairë vun der Croix-Rouge oder op Bestellung vun de sozialen Organisatiounen u Läit an Nout weiderginn. Zu Léiweng an der Zentral vun der Spëndchen kommen d’Kleeder un, déi nach musse gesënnert an iwwerpréift ginn. 

Een zweet Liewen ... als Isolatiounsmaterial

Ganz vill Këschte gesäit een, déi am Lager vun der Spëndchen iwwert zwee Stäck stockéiert sinn. Op all Kartong steet drop, wat dra läit, wéi eng Taille et ass, ob et fir Kanner, Fraen oder Männer ass.

Pro Joer kritt d’Spëndchen 200.000 Kilo u Kleeder geliwwert. Gesammelt gëtt op 23 Point-de-collecten, déi vun der Croix-Rouge an der Hëllef um Terrain, fréier Caritas, iwwert d’ganzt Land verdeelt a verwalt ginn. Wann d’Kleeder ukommen, ginn d’Tuten opgemaach an eng éischte Kéier graff ënnert d’Lupp geholl.

Pro Joer kritt d’Spëndchen 200.000 Kilo u Kleeder geliwwert. | © Carole Schimmer
Pro Joer kritt d’Spëndchen 200.000 Kilo u Kleeder geliwwert. (Foto: Carole Schimmer)

Den Oskar ass eng 30 Joer al a schafft zënter 6 Méint bei der Spëndchen. Iwwert den Office national d’inclusion sociale vum Familljeministère, krut hien ee sougenannten TUC - een Travail d’utilité collective - accordéiert. Bei der Spëndchen ass hien zoustänneg fir déi zweet Kontroll. Do ginn ënnert anerem d’Knäpp an d’Tiretten iwwerpréift.

Den Oskar fënnt, datt vill Saachen, déi ukommen, net an engem gudden Zoustand sinn.

"Mais comme ici on a l'autorité, on fait bien à le choix pour séparer bien, pour envoyer aux gens qui ont besoin. Mais parfois les vêtements sont sales, parfois ça sent pas bien."

Kleeder, déi net zeréckbehale ginn, kënne fir aner Zwecker nach verwäert ginn. Entweder recycléiert, fir dorauser nees neit Stoff ze maache, bis hin zu Isolatiounsmaterial an der Konstruktioun.

Kleng Taillë fir Häre si gefrot

Wien also seng Kleeder fir ee gudden Zweck ofgëtt, soll un eppes denken: D’Kleeder gi vun der Spëndchen net gewäsch. Et soll een also nëmme propper Saache spenden, déi och an der Rei sinn. Just an Ausnamefäll gi se gefléckt. Dat ass dann de Fall, wann et sech ëm Spende vu Butteker handelt, wou d’Clienten d’Wuer beschiedegt hunn.

Am Stock vun der Spëndchen fënnt een am Prinzip alles wat ee brauch fir Persounen anzekleeden. Virun Allem gëtt et vill Gezei fir Fraen, Boxen, Juppen, Räck, a Blusen, preziséiert d’Philipa. Och si schafft iwwert een TUC-Kontrakt an der Spëndchen. Si këmmert sech ëm deen zweeten Deel vun der Logistik, nämlech der Stockéierung vun de Kleeder an der Preparatioun vu Commanden.

"On trouve beacuoup des affaires de femmes. On a plus de difficultés à trouver des affaires d'hommes, principalement de petite taille, mais sinon on a un peu de tout de très bon état et de moins bon état."

D'Philipa schafft iwwert een TUC-Kontrakt an der Spëndchen. | © Carole Schimmer
D'Philipa schafft iwwert een TUC-Kontrakt an der Spëndchen. (Foto: Carole Schimmer)

Et wier een also speziell op der Sich no klengen Taillë bei de Männer. Vill vun de Beneficiairen, déi an de Foyere fir Flüchtlinge liewen, wiere ganz schlank a vu klenger Statur. Och feelt et dacks un Häreschong. Artikelen, déi feelen, ewéi Ënnerwäsch, gi selwer kaf.

Wisou de Stock u Männerkleeder generell net esou grouss ass, erkläert de Fabien Schmit, Gerant vun der Spëndchen, domat, datt Hären hir Kleeder dacks méi laang géifen halen,

"Bei den Häresaachen, do ass et éischter esou, déi dinn dat un, bis d'Fiedem zéien. Dat ass e bëssen eng aner Approche, wou d'Hären hunn. Ech weess, et och net alleguer, soss hätte mir och näischt hei."

Eng Saach ass dem Fabien Schmit mat de Joren opgefall: D’Qualitéit vun de Kleeder hätt sech verschlechtert. D’Fiedem an de Stoff wieren net méi esou resistent ewéi nach viru 15 Joer.

Kleeder fir de Prisong

D'Zil vun der Spëndchen ass et, Kleeder u Leit an Nout weider ze ginn. Et kritt ee se awer net direkt vermëttelt, mee ëmmer iwwert eng sozial Organisatioun. An de Vestiairë vun der Croix-Rouge, oder a verschidden Epicerie-sociallen, kënne Leit, déi vun hirem Office social ee Bong kruten, Kleeder eraussichen. Bis Enn September dëst Joer krute 5.020 Persoune Kleeder vun der Spëndchen. 6.771 Bonge goufen opgeschafft.

D’Spëndche kritt iwwer Mail och prezis Commanden erageschéckt, erkläert de Fabien Schmit.

"An dat ass alles, wat Foyeren ass, a soss Strukturen, also och e Prisong, e Spidol, en Abrigado oder all aner Associatioun, mécht eis e Mail a seet: Mir brauchen Dieses und jenes. An da preparéiere mir dat hei an da liwwere mir dat och dohinner."

De Stock u Männerkleeder ass generell net esou grouss. | © Carole Schimmer
De Stock u Männerkleeder ass generell net esou grouss. (Foto: Carole Schimmer)

Zu Léiweng gëtt et awer och ee ganz spezielle Buttek, wou jidderee ka laanscht luusse goen. Do kann een och Second Hand Kleeder fannen, bis hin zu Hochzäitskleeder, Poschen an Dekoratiounsartikelen. Den Ëmsaz vum Vintage Mood - sou heescht de Buttek - ass fir de gudden Zweck.

Lauschterenplay_arrow

Den Hallwer Néng: Nadine Conrardy

Mat der Nadine Conrardy, Direktesch fir d'Action sociale bei der Croix-Rouge, hu mir am Hallwer Néng iwwer brauchbar a manner brauchbar Spende geschwat, déi zu Léiweng zesummekommen, a vun do aus verdeelt ginn.

Lauschterenplay_arrow

D'Nadine Conrardy ass Direktesch fir d'Action sociale bei der Croix-Rouge. | © Morgane Weidig
D'Nadine Conrardy ass Direktesch fir d'Action sociale bei der Croix-Rouge. (Foto: Morgane Weidig)