Radioen

On air

9 bis 1  |  Luk. - Crack Feat. Jast & Skuto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sensibiliséierungscampagne fir ee responsabelen Alkoholkonsum

"Zero Alkohol. 100 % toi même."

Sensibiliséierungscampagne fir ee responsabelen Alkoholkonsum

Den Alkoholkonsum ass an der Gesellschaft omnipresent. An Europa gëtt och vill méi Alkohol consoméiert, wéi am Rescht vun der Welt. D‘Weltgesondheetsorganisatioun rifft Europa deemno op, dat a Fro ze stellen. Dofir huet de Gesondheetsministère eng Campagne gestart. 

auto_stories

2 min

headphones

7 min

© Bigstock / 1STunningArt play_arrow
Foto: Bigstock / 1STunningArt

An enger Ëmfro, der European Health Interview Survey, vun 2019 ginn een Drëttel vun de Leit zu Lëtzebuerg un, op d‘mannst ee Mol de Mount exzessiv Alkohol ze drénken. Bal all zéngt Persoun gëtt un, all Dag Alkohol ze drénken. Domat läit Lëtzebuerg liicht iwwer dem europäeschen Duerchschnëtt, erkläert d‘Catherine Tomicic. Si ass d‘Koordinatrice vum Programm Palma, dem Plan d‘Action contre le mésusage de l‘alcool.

Am Verkaf läit Lëtzebuerg wäit iwwer dem Duerchschnëtt. Dat erkläert sech doduerch, datt Leit aus dem Ausland op Lëtzebuerg Alkohol kafe kommen, well e méi bëlleg ass.

Alkohol ass kriibserreegend

Alkohol ass eng vun den heefegsten Ursaache vun Autosaccidenter. Gläichzäiteg bréngt en och dat emotionaalt Gläichgewiicht a Gefor. Eenzel Leit reagéieren da méi séier aggressiv oder kënnen depressiv ginn, wa si drénken, betount d‘Catherine Tomicic.

Grad wéi d‘Fëmmen, kann den Alkohol och kriibskrank maachen. Eppes wat och schonn zanter den 80er an 90er Jore gewosst ass, mee manner kommunizéiert gëtt. Dofir ass dat ee vun de Kärmessagen an dëser Campagne vum Gesondheetsministère. Alkohol kann deemno net nëmme Liewerkriibs provozéieren: Broschtkriibs an Daarmkriibs sinn déi wou Zorten, déi wéinst Alkohol am meeschte virkommen. 

D'Roll vum Gesellschaftlechen Drock

Mam Slogan "Zero Alkohol. 100 % toi même." huet Sensibiliséierungscampagne d‘Zil d‘Positioun vum Alkohol an der Gesellschaft a Fro ze stellen. Et wier ee groussen Drock an der present, wann ee keen Alkohol drénke wëll, bedauert d‘Catherine Tomicic.

"Datt gesot gëtt 'bass de krank' oder zu enger Fra gëtt direkt gesot, 'bass de schwanger'. An dat wollte mer am Fong e bëssen denormaliséieren. Am Fong einfach ënnersträichen, een, deen einfach seet, dee wëll net drénken, dat ass am Fong och normal."

Et hätt sech an der Gesellschaft awer och scho vill geännert. Vill Leit maachen den Dry January, wou si also ee Mount laang keen Alkohol drénken.

Den Alkoholkonsum, grad iwwer d‘Feierdeeg, hätt och vill mat Gruppenzwang ze dinn. Dobäi sollt ee sech awer net schlecht fillen, wann een einfach keen drénke wëll.

Lauschterenplay_arrow