Bei de Männer ass d’Finall haut am fréie Mëtteg. Zënter de Wanterspiller 2014 zu Sotschi a Russland ass d’Disziplin olympesch. Slopestyle fuerdert Kreativitéit, Trickfäegkeet a Courage vun den Athleetinnen an Athleeten. Dobäi deet sech eng jonk Fra besonnesch ervir, déi awer och fir Kontrovers gesuergt huet.
Kënne steet hei iwwer Schnellegkeet
E grousse Parcours mussen d’Athleeten, déi am Slopestyle un den Depart ginn, iwwerwannen. Do kënnt et awer net op d’Schnellegkeet un. An dräi Duerchgäng sprangen d’Freestyler iwwer Këschten, rutschen iwwer Gelänner oder fléien iwwer Rampen a performen dobäi lauter Tricken.
Ob Schrauwen, Tournuren, oder souguer Iwwerschléi ass do alles dobäi. Bei der Offaart kënnen d’Freestyler fräi wielen, wéi eng Obstakele si benotzen, a wéi si se benotzen. Präisriichter decidéieren dann opgrond vu Kreativitéit, Tricken an der Ausféierung vun deenen Tricken, wéi vill Punkten déi jeeweileg Participante kréien. Dee beschten Duerchgang zielt da finalement.
Gebierteg Amerikanerin geet fir China un de Start a suergt domat fir Kritik
D’Eileen Gu, eng 22 Joer al Freestylerin huet gëschter d’Sëlwermedail am Slopestyle kënne gewannen, wéi och bei de Wanterspiller 2022. Do konnt si och zwou Goldmedailen an anere Freestyle-Disziplinne gewannen. En impressionante Palmarès. Mee deen ass awer dacks an den Hannergrond geréckelt, wann iwwer d’Athleetin geschwat gouf.
Virun allem an den USA, dem Land, an deem si gebuer an opgewuess ass, ass et enger Rei u Leit sauer opgestouss, datt d’Eileen Gu fir d’Heemechtsland vun hirer Mamm, China, un den Depart geet. Tenor vu konservative Medien an den USA war, datt d’Eileen Gu ondankbar wier an d’Land an deem si opgewuess wier bedrunn hätt. Chineesesch Medien hunn déi Aussoe penibel genannt.
Hir Begrënnung fir China ze starte war et fir jonk Chineesinne kënnen e Virbild am Wantersport ze sinn. An dat ass hir wuel gelongen. 2022 bei de Wanterspiller zu Peking war si déi éischt chineesesch Athleetin, déi eng olympesch Goldmedail op Schnéi gewanne konnt.
Eigentlech keng Duebelnationalitéit erlaabt
Trotzdeem bleift hir Wiel, fir fir China ze starten, e klengt Rätsel. Dem IOC (Internationalen Olympesche Comité) no muss ee Staatsbierger:in sinn, fir fir eng Natioun un den Depart ze goen. Et gi keng Indicen dofir, datt d’Eileen Gu hiren amerikanesche Pass ofginn huet. D’Saach ass just, datt China eigentlech keng Duebelnationalitéit erlaabt. Fir d’Eileen Gu ass awer kloer, datt si wëllt am sportleche Kontext bewäert ginn an net nom Fändel, ënner deem si untrëtt.