Dat kéint wäitreechend Konsequenzen och fir d’Lëtzebuerger Entreprisen a Konsumenten hunn.
Kee Risiko, datt den Ueleg knapp gëtt
Wat den Uelegmarché ugeet, wieren déi éischt Folge jiddefalls schonn ze spieren, dat confirméiert den Eric Bleyer, Präsident vum Groupement énergie et mobilité. Schonn ëm iwwer 10 Prozent wieren d’Präisser vum Barrel an Tëschenzäit geklommen. Wéi et virugeet, wier ongewëss.
"Wann de Krich elo nach eng länger Zäit undauert an oder déi Strooss do länger Zäit zou wier, da musse mer dovun ausgoen, datt d'Marchéspräisser weider an d'Luucht ginn."
Dat wäert een dann och hei spieren, souwuel un der Pompel, wéi och an de Masuttspräisser. "Mee do si mer nach net." esou den Eric Bleyer.
Datt den Ueleg knapp gëtt, misst een zu dësem Zäitpunkt éischter net fäerten, schätzt de Carlo Thelen, Direkter vun der Chambre de Commerce. D’Stocke wiere gutt gefëllt. Et wier éischter eng Saach vum Risk, dee jo am Präis mat agespeist géif ginn.
"Fir eis Wirtschaft ass dat natierlech och geféierlech, well mir importéiere quasi all eis Energie. Et ass ee wichtege Produktiounsfacteur fir eis Industrie, fir vill Betriber, natierlech och fir d'Konsumenten."
Den Haaptimpakt wier zu Lëtzebuerg den Index, gëtt de Carlo Thelen ze bedenken.
"Explosive Cocktail"
Hie rechent dann och domat, datt d’Indextranche, déi fir d’zweet Trimester 2026 virgesinn ass, schonn éischter kéint kommen. An dësen Zäite wier dat en explosive Cocktail.
"Mir wëssen, datt am Moment d'Wirtschaft net gutt dréit. A ville Secteuren, alles wat en amont et an aval vum Bau ass, geet net gutt. D'Industrie leit duerch d'Pëtrolspräisser duerch souwisou eng ugespaante Situatioun op der weltwäiter Nofro."
Dobäi kéime Gespréicher ëm eng eventuell Hausse vum Mindestloun op den 1, Januar 2027 an eng weider Tranche uganks 2027.
Fir den Direkter vun der Chambre de commerce steet dowéinst fest, datt d’Sozialpartner sech esou séier wéi méiglech mussen zesummesetzen. Et misst ee probéieren, den Effekt op d’Wirtschaft an domat och op d’Leit esou séier wéi méiglech an de Grëff ze kréien.