Hire Virgänger de Georges Mischo hat de Projet, deen op der Rouder Lëns zu Esch sollt entstoen, an Optrag ginn. E war awer net ëffentlech ausgeschriwwe ginn, ma et gouf ee "protocole d’accord" tëschent dem Georges Mischo an dem Promoteur IKO, deen de Projet fir iwwer 30 Milliounen Euro sollt realiséieren.
Dee Protokoll war am Regierungsrot deemools awer net ernimmt ginn. Dat wier "ee Feeler aus Onwëssenheet vum Sportsministère" gewiescht, esou een héije Beamten aus dem Sportsministère haut an der Chamberkommissioun. D'Martine Hansen erkläert, wat genee falsch un der Prozedur ass.
"Den Avis ass kloer, dass d'Etude de faisabilité, do hätt missen eng Mise en concurrence geschéien. Dat heescht, se ass falsch zum Marchésgesetz. A wann de Musée esou gebaut gi wär, wéi et elo hei geplangt ass, dann, dat wär och falsch, well och do hätt missen eng Ausschreiwung gemaach ginn, well de Staat oder de Sportsministère ze vill Afloss op d'Planung scho geholl huet."
Oppositioun wëll Excuse net gëlle loossen
D'Excuse, datt een aus Onwëssenheet de Protocole d'accord net esou behandelt hätt, wéi ee soll wëll d’Liz Braz vun der LSAP net gëlle loossen.
"Do fänken awer un Doutten opzekommen, ob dat net eng bewosst Verschleierung war, dass een do probéiert huet eppes ze verheemlechen, well et an deem Protokoll d'accord ëm en Arrangement ginn ass, wat striktement illegal war."
De Marc Baum vun déi Lénk freet sech dann, wéi kengem opfale konnt, datt de Protokoll illegal ass.
“Et ass net nëmmen eng Prozedur, déi net ganz agehale ginn ass, mee hei huet de Ministère eppes Illegales gemaach. Dono ass ee Joer Zäit vergaangen, bis dat dann iergendengem opgefall ass.”
Den Deputéierte vun de Pirate Marc Goergen bezeechent dat als ee Skandal. Et kéint net sinn, datt e Promoteur esou ee groussen Afloss op de Staat kéint hunn.
Och e weideren Aspekt suergt fir Konfusioun
Nämlech deen, datt de Staat kee fäerdege Sportsmusée géif kafen, mee e Kongresszenter, deen een da wéilt ëmwandelen. Der Oppositioun ass sauer opgestouss, datt ee keng Äntwert dorop krut, wien dat genee wéini decidéiert hätt. Et misst ee sech froen, ob hei net bewosst soll getäuscht si ginn. Dozou d’Sam Tanson vun déi gréng.
"D’Fro, déi eeben nach ëmmer am Raum steet, dat ass zu wéi engem Punkt a wisou ass aus deem geplangte Sportsmusée op eemol e Centre de conférence ginn, wat, wann een dat vu bausse liest, ausgesäit wéi wann dat just gemaach gi wier, fir ebe Marchés publicen an all esou eng ëffentlech Ausschreiwung ze evitéieren. Mir hunn nach ëmmer keng Äntwert dorobber, wou dee Changement hir kënnt a firwat e gemaach ginn ass."
Dorop bräicht een awer definitiv nach eng Äntwert, esou nach déi gréng Deputéiert Sam Tanson.
D’Martine Hansen huet iwwerdeems op en Neits betount, datt d’Regierung nach net zu enger finaler Decisioun komm wier, wéi et mam Sportsmusée - deen den Ament op Äis läit - weidergeet.