Radioen

On air

Concert  |  Mahler 4. - aus dem Gewandhaus Leipzig

play_arrow Live
search

/ Stierfhëllef-Debatt an der Assemblée nationale

Frankräich

Stierfhëllef-Debatt an der Assemblée nationale

A Frankräich gëtt an der Assemblée nationale vun haut un iwwer e Gesetz fir d’Aféierung vun der Stierfhëllef debattéiert. Et ass ee kontroverse Sujet, bei deem d’Parteien an och d’Regierung intern ënnerschiddlech Meenunge vertrieden. Virum Vott an zwou Woche bleiwen nach wichteg Detailer ze klären.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Knapp ee Joer nodeem de Projet wéinst den Neiwalen an der politescher Kris a Frankräich op Äis geluecht gi war, fänkt um Méindegnomëtteg den Debat iwwer d’Stierfhëllef an der Assemblée nationale zu Paräis un.

Palliativmedezin a Stierfhëllef

D’Gesetz ass an zwee Deeler gespléckt: Eng Propositioun betrëfft d’Reform vun der Palliativmedezin, déi aner d’Aféierung vun der Stierfhëllef. De Gesetzesprojet gesäit vir, datt Persounen, déi vun der Hëllef wëlle Gebrauch maachen, iwwer 18 Joer al musse sinn, selwer dëse Wonsch äussere kënnen, an un enger onheelbarer Krankheet leiden, déi an engem finalen oder avancéierte Stadium ass. Nach gëtt awer ëm déi genee Definitioun vum Stadium debattéiert.

D’Gesondheetsministesch Catherine Vautrin huet um Méindeg op BFMTV erkläert, et géing virun allem dorop ukommen, datt keng Verbesserung vum Gesondheetszoustand méi ze erwaarde wier.

Och gëtt nach doriwwer diskutéiert, wéi genee d’Stierfhëllef a Frankräich soll administréiert ginn. Och hei huet d’Catherine Vautrin eng kloer Virstellung: Si wëllt een Amendement aféieren, dat virgesäit, datt d’Persoun selwer déi déidlech Substanz muss zou sech huelen.

Et wier deemno keng Euthanasie, esou déi franséisch Gesondheetsministesch. Kee medezinescht Personal géing gezwonge ginn, aktiv anzegräifen.

Gedeelte Meenunge bei Stierfhëllef

Wärend d’Partien iwwer d’Palliativmedezin e breede Konsens hunn, ass de Vott bei der Stierfhëllef méi onsécher.

D’Parteie wäerten hei keng Walrecommandatioun virginn. An de Parteien an och an der Regierung ass ee ganz gedeelter Meenung wat dëst Gesetz ugeet.

Souguer de franséische Premier François Bayrou steet dem Text net favorabel entgéint.

Lauschterenplay_arrow