Radioen

On air

Notturno  |  The Stooges - 1969

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’USA a China hunn eng Reduktioun vun hiren Douanestaxen decidéiert

Handelssträit

D’USA a China hunn eng Reduktioun vun hiren Douanestaxen decidéiert

An hirem Handelssträit hunn d’USA a China decidéiert, hir géigesäiteg Douanestaxen erof ze setzen. Dat soll fir 90 Deeg gëllen.

auto_stories

1 min

© Bigstock / Dilok
(Foto: Bigstock / Dilok )

D’US-Taxen op Importer aus China solle vun 145 op 30 Prozent reduzéiert ginn. Déi chineesesch Taxen op Importer aus den USA solle vun 125 op 10 Prozent zeréck goen.

D’Delegatioune vu béide Säiten haten Diskussiounen zu Genf an der Schwäiz. Souwuel d’USA wéi och China hu Fortschrëtter bei de Verhandlunge signaliséiert, ouni awer vill Detailer ze nennen.

D’Diskussiounen zu Genf wieren ee wichtege Schrack gewiescht, fir Meenungsverschiddenheeten duerch Dialog ze léisen, huet et vu chineesescher Säit geheescht.

Den USA no, hätte béid Säiten een Accord am Sträit fonnt, an hätten domat ee méiglechen Duerchbroch am Handelskonflikt erreecht.